EQ steet bei Mercedes-Benz fir vollelektresch Modeller. Neiste Vertrieder ass den EQE deen d’Roll vun der elektrescher E-Klass iwwerhëlt. Den Akim Schmit aus der Automag-Ekipp ass drop gefuer.

25/04/2022 AUTOMAG Mercedes EQE

Mat der Business-Limousine EQE huet Mercedes elo säin zweeten Modell virgestallt deen op der neier Elektro-Plattform fir grouss Gefierer  (EVA2) baséiert. Gebaut gëtt d’Limousine zu Bremen an zu Peking. A wien a China erfollegräich Autoe verkafe wëll dierf alles awer net zeréckhalend sinn.

Den Design

Optesch reit sech den EQE an d’Designsprooch vun der EQ-Gamme an. Mat enger schwaarz-blénkeger Calande déi fléissend an d’Pharen iwwergeet, senge geschwongene Linnen a senger „One-Bow“-Coupé-Silhouette kéint een der Business-Limousine net just en elegante mee och e sportlech ugehauchten Optrëtt attestéieren. Am direkte Verglach zum EQS ass den EQE awer méi straff gezeechent an huet méi e kuerze Radstand a méi kuerz Iwwerhäng.

Wat sportlech wierkt, ass zu engem groussen Deel awer d’Resultat vun den Aerodynamik- an Aeroakustik-Experten hirer Aarbecht: nieft enger méiglechst grousser Batterie huet de Loftwidderstand en entscheedenden Afloss op d’Reechwäit.  Beim EQE läit den CW-Wäert bei niddregen 0,22.

Den Intérieur

Elegant a reduzéiert geet et am Interieur zou, dee sech staark um EQS orientéiert. Och hei zitt Mercedes all d’Regëster wann et drëms geet senge Passagéier den Openthalt esou agreabel wéi méiglech ze maachen. D’Veraarbechtung ass op héchstem Niveau, beim Confort gëtt et näischt auszesetzen a Plaz gëtt et méi wéi an der aktueller E-Klass. Och an der zweeter Rei setzt ee gutt, woubäi d’Réckbänk relativ staark ugewénkelt ass an een d’Gefill huet an de Sëtz era gezunn ze ginn.

RTL

© Akim Schmit

Navi an Infotainment

Ganzer 3 Ecranen verschmëlzen - optional wuel verstanen, mee net manner impressionnant - zu engem sougenannten Hyperscreen dee sech vum Chauffeur iwwert d’ganz Breed bis virun de Bäifuerer zitt. Vill Spillfläch also, wourop den Infotainment weise ka, wat hautdesdaags technesch alles méiglech ass. Ervirzehiewen bleift den Ecran vum Bäifuerer, deen elo iwwert dem fueren Filmer kucke kann. Luusst de Chauffeur bis eriwwer, gëtt de Schierm desaktivéiert. Houfreg ass een zu Stuttgart och op d‘„electric intelligence“ mat där de System déi spuersaamst Streck vun A op B berechent an dobäi d'Topographie, de Verkéier an d'Luetstatiounen mat abezitt. Bei esou ville Funktiounen kënnt de Chauffeur awer u seng Grenzen: zum engen hu mech déi vill Schiermer ofgelenkt, zum aneren hat ech trotz Technikinteressi meng Schwieregkeeten bis op all Schierm dat ze gesi war, wat ech wollt.

Den Undriff

Fir den Ufank ass den EQE an zwou Leeschtungs-Stufen ze kréien. Virleefeg Top-Versioun ass den Mercedes-AMG EQE 43 4Matic mat 300 kW Leeschtung. Deem géigeniwwer steet den EQE 350+ mat 215 kW Leeschtung wat 292 där aler Päerd entsprécht. D’Plattform deelt sech den EQE mam EQS, woubäi de Radstand méi kuerz (-9 cm) an d’Akkukapazitéit mat 90,56 kWh méi kleng ass. D'Reechwäit gëtt Mercedes mat 567 bis 654 km un. Um Enn vu mengem Test louch mäi Verbrauch mat 18,3 kWh/100 km am Beräicht vun deem, wat och Mercedes virgerechent huet (18,7 bis 15,9 kWh). A wann d’Batterie bis eidel ass, ginn 32 Minutten duer fir vun 10 op 80 Prozent ze lueden. Maximal 170 kW Leeschtung packt d’Elektronik beim lueden, alternativ léisst sech d’Batterie och un enger 22-kW-Wallbox fëllen.

Op der Strooss weist den EQE dass en e richtege Mercedes ass. Hannert dem Steierrad kënnt dat typescht Fuergefill op: confortabel gefiedert, lues am Banneraum an douce beim Ofrullen. Nei ass déi optional Lenkung un der hënneschter Achs déi den EQE a Kéieren a beim rangéieren méi handlech mécht.

Präisser

Lass geet et mat 73.100 Euro fir den EQE 350+ an der Launch Edition. D’Topversioun AMG 43 mat 476 Päerd start mat knapp 103.000 Euro schonn am sechsstellege Beräich. Wéi ëmmer, virun Optiounen.

+ excellent Finitioun

+ héije Komfort 

+ Niddrege Geräischniveau

- komplizéierten Infotainment

- Design-Zwilling vum EQS

- Basis-Präis