Ee Klenge wëll grouss eraus kommen. Esou kéint een den neien Toyota Aygo X ëmschreiwen. De Japaner well sengen elektreschen Konkurrenten weisen, datt et sech nach ëmmer ka rentéieren fir ee Bensinner ze fueren. De Rich Simon huet fir eis den Toyota Aygo X getest.

28.04.2022 Automag Aygo X 16.15

Toyota traut sech ee sougenannten City Car als Bensinner op de Marché ze bréngen. A just als Bensinner. Et gëtt keng Hybrid- oder Elektroversioun. Nostalgiker dierft dat freeën. An och de Bensinner gëtt et just an enger Motorisatioun: 1.000 Kubik, 3 Zylinder an 72 Päerd. That´s it! Domadder realiséiert een de Sprint vun 0 op 100, a bescheidenen 15,6 Sekonnen. Dat ass awer weider net schlëmm, well den Toyota Aygo X gëtt vun de Responsabelen als Stadauto promouvéiert. An dat ass de klenge Japaner och. Mat grad emol 3 Meter 70, engem Wendekrees vu 4 Meter 70, enger immens direkter Lenkung ass den Mini SUV predestinéiert fir an der Stad vun A no B ze kommen. Et ass awer och esou, dat et an de Stied dacks Stop an Go gëtt. Fir net permanent an de Gäng ze wullen, bitt Toyota nieft der 5 Gang manuell Schaltung och eng Stufeloos automatesch CVT Boîte un. Mat där spuert ee Gewiicht an d´Fuere soll méi einfach sinn.  Fiert een awer emol eraus op d´Landstrooss an ass déi CVT Boîte komplett iwwerfuerdert a fuerdert d´Nerven vum Chauffeur. Dofir soll een sech wierklech gutt iwwerleeën, op ee sech fir déi manuell oder automatesch Boîte entscheet.

Den Interieur

Deen ass flott, liicht verspillt, ouni awer ze mengen et wier een op engem Kannergebuertsdag. Jo et ass nach vill Plastik verschafft, deen awer eng anstänneg Optik huet. Vir, op de bequeme Setzer, huet ee gutt Plaz, och wann een net zu deene Klengste gehéiert. Dat ass op der hënneschter Bänk awer net de Fall. Schonns beim erklammen,gëtt et duerch déi kleng a schmuel Dieren enk. Vun der Kappfräiheet ënnert dem Dag ass et net derwäert ze schwätzen. Et kann een eeben aus engem 3 Meter 70 laangen Auto, kee Raumwonner maachen. Dofir ass um Volummen vun der Mall, awer mat 269 Liter de Maximum eraus geholl ginn. Ee Bmoll gëtt et awer bei der Mall. Déi huet eng immens héich Kannt an et iwwerleet een sech 3 Mol, op ee wierklech eng 12. Gedrénkskëscht keeft oder awer léiwer eng vill méi liicht 6. Këscht.

Den Design

Mam neien Aygo fält ee schonn e bësse op. Virun allem sinn déi 4 Faarwen ganz speziell. Cardamom, Chilli, Ginger an Juniper, déi alle 4 mat schwaarz kombinéiert ginn. Dobäi komme fir esou ee klengen Auto déi grouss 18 Zoll Felgen. Vu vir wierkt den Aygo X duerch säi markanten Grill wéi eng kleng Rennmaschinn, déi en awer net ass.

De Verbrauch gëtt Toyota, jee no Boîte, mat 4,7 bis 5,2 Liter un. An do leien d´Japaner genau richteg. Op der Testfaart, déi souwuel duerch eng Groussstad wéi och iwwer Land gaangen ass, stoung ee Verbrauch vu 4,8 Liter um Tableau de Bord affichéiert. Dat liest ee gären.

Eng Saach huet mech, an och déi aner Journalisten, awer ferm genervt. An dat war den Navi. Deem seng Logik ze verstoen ass praktesch onméiglech. Spéitstens wann ee fir déi 4 Kéier laanscht ee schwedescht Miwwelgeschäft zeréck navigéiert gëtt, mécht een den Navi aus an et probéiert een op eng aner Manéier, seng Destinatioun ze fannen. Een aner minus Punkt ass de gutt gemengten "Toyota Safety Sense" System. Grondsätzlech soll een esou vill wéi méiglech an d´Sécherheet investéieren. Dofir gëtt et zum Beispill d´Foussgängererkennung. Déi ass awer esou sensibel agestallt, datt den Auto esou hefteg reagéiert datt een als Chauffeur bei der éischte Kéier wou de System funktionéiert carrement panikéiert.

D´Präisser  fir den Toyota Aygo X fänken bei 13.270 Euro un.