An den News vun haut maache mer eng Zäitrees; vum klenge Flitzer an Dram vun all Jugendlechen vu virun iwwer 30 Joer, iwwert déi obligatoresch Autoskategorie fir Familljen bis zu Updates bei zwee beléiwten Elektroautoen. Méi gewuer gitt der elo vum Paul Origer.

09/05/2022 AUTOMAG News (11h45)

Och en Elektroauto muss kapabel sinn eppes un de Krop ze huelen – ewéi zum Beispill de Ford Mustang Mach-E. D’Zuchkraaft vun den Extended Range-Versiounen mat Allrad oder nëmmen hanne gedriwwen gouf fir e gebremsten Unhänger elo op 1000 Kilo eropgesat, dat entsprécht zum Beispill engem kompakte Fëscherboot. An engems gouf de Fuerconfort an d’Fuere mat just enger Pedall verbessert an d’Luede méi séier. Vun 80 op 90 Prozent luede kann de Mustang Mach-E elo schonn a 15 amplaz 52 Minutten.

En Update gëtt et och fir de Polestar 2. D’Elektro-Limousin kritt als Standard Range mat Single-Motor eng nei Batterie mat elo 69 kW-Stonnen. Domat klëmmt net nëmmen d’Autonomie op 474 km mee och d’Leeschtung vum Motor op 170 kW. Ausserdeem ka mat maximal 130 kW méi séier geluede ginn. Polestar beméit sech awer och ëm e bessert Emweltgewëssen a reduzéiert d’CO2-Emissioune bei der Produktioun ëm 750 kg pro Auto. Et ännert sech awer och esou munches vu baussen; den Design gouf opgefrëscht, nei Faarwen a Felge an nei ekologesch Matièren kommen an den Asaz. Bei 47.900 Euro geet et lass.


Bei Citroën geet eng Ära zu Enn, nämlech déi vum Monospace. Eng Kategorie, déi an den 80er an 90er Joere vum Renault Espace agelaut an zu engem reegelrechte Boom gouf, änlech wéi aktuell dee vum SUV, ass haut anscheinend net méi gefrot. 30 Joer laang huet d’Mark mat de Chevrons esou ee praktescht Multitalent erfollegräich am Programm gehat a mat Modeller wéi dem Xsara Picasso virum Joerdausendwiessel dem Minivan en neien Opschwong ginn. Ufanks Juli soll zu Vigo a Spuenien awer dann dee leschten Exemplaire vum aktuelle Vertrieder Grand C4 Space Tourer vum Band lafen. Den Know-How gëtt awer matgeholl an nei agesat, an zwar bei de Modeller C5 Aircross an C5 X wou ëmmer nach dat Praktescht soll mam flotten Design verbonne bleiwen. A wann et méi wéi 5 Persoune solle sinn, da kommen déi reng elektresch Vans ë-Berlingo an ë-Space Tourer a Fro.


Och wann d’Entwécklung an der Automobilwelt net opzehalen ass, den Interessi un Old- a Youngtimer wiisst ëmmer méi. An och d’Bereetschaft, dofir vill Suen auszeginn. E Beispill gouf et elo viru kuerzem bei enger Stee zu Paräis wou ee Peugeot 205 GTI fir de Rekordpräis vu 82.960 Euro ënnert den Hummer koum. Okay, en hat no 35 Joer mol keng 7000 Kilometer erof a war an engem erstaunlechen Zoustand. Mee “an 10 Joer de Wäert ze verdräifachen, dat muss ee mol fäerdegbréngen”, esou de Chef vu Classic-Analytics Frank Wilke. Wann der iech also elo schonn duerch d’Portaler klickt; e gudden 205 GTI kascht a guddem Zoustand mol gären 20.000 Euro, mat Récksiicht op déi historesch Inflatioun ass dat den Neipräis vun deemools.