Haut gëtt eppes geschafft am Automag. Mir interesséieren eis nämlech fir d’Utilitären.

An och hei setzt sech d’Elektromobilitéit ëmmer méi duerch. Reng elektresch fueren ass eng Saach, mee di ganz Logistik an Organisatioun hannendrun fir e Betrib, ass eng aner.
Ford hat an deem Kontext invitéiert fir Ford PRO ze lancéieren.
Wat stécht do derhannert? De Christian Schmit huet sech et erkläre gelooss.

30/05/2022 Automag Ford PRO

De kommerziellen Hafe vu Barcelona war ausgewielt gi fir Ford PRO ze presentéieren. Eng wonnerbar Kuliss, a wou e vrun Ae gefouert krut wéi vill Aktivitéit do all Dag lass ass.

Ford Pro dat ass méi wéi just en elektreschen Utilitären, och wa mir mam E-Transit op der Plaz scho konnten op en Test Parcours goen.

„Aider les clients à augmenter la productivité de leur flotte électrique » , oder anescht ausgedréckt "Time is money"

Fir dat ze verdäitlechen hat e gläich eng ganz Hal um Site gelount, an esou professionell amenagéiert dass en den Androck hat op enger Foire fir Utilitären ze sinn. Bravo.

Mam Jo Declerq, dem Mann vun der Kommunikatioun bei Ford, kréie mir dat mat där Missioun Ford PRO emol méi genee erkläert.

Eh bien Ford PRO, ça concerne tout un concept derrière. Aider le client à s'occuper de tout. Evidemment il y a le véhicule, mais aussi le service, le financement et comment charger le vehicule. Géré par ce système qui s'appelle Ford PRO. Pour que le client peut maximiser la productivité de son utilitaire.

Jo well di Transitioun eriwwer op d’Elektromobilitéit stellt e Betrib viru grouss Erausfuerderungen, besonnesch déi méi kleng Entreprisen déi just e Grapp voll Gefierer hunn?

Evidemment les tous grands ils ont leur propre service, mais les gens qui ont  10, 15 ou 20 véhicules, ils n'ont pas les moyens de l'ensemble de ces services.

Ford PRO ass eng eenzegaarteg Initiative am digitalen Zäitalter. Simpel an effikass soll et sinn, an et wier och egal op de Fuerpark aus Bensinner, Diesel, oder an Elektro Gefierer besteet. Jo esouguer och aner Marke kéinten duerchaus dozou gehéieren. Et hätt e sech vun Ufank un Top Talenter, Top Technologie an di neisten Telematik an d’Boot geholl.

Kloer, fir den Automag interesséiert eis natierlech an éischter Linn de Volant vum éischten E-Transporter vu Ford.

De groussen Transit mécht dann elo den Ufank. Fir säi 70. Anniversaire dann elo och an der Elektro Versioun ze kréien.

Mat 135kw, also 184 PS, oder an der ganz staarker 198kw, deemno 270 PS. Och d’Längt vum Chassis ka gewielt ginn, oder op an der Kabinn, 3 oder 6 Leit dierfe matfueren.

D’Lithium Ione Batterie kennt op 68Kw.

Eppes iwwer 200km gi bei der Autonomie ugewisen. Dee Radius géing fir d’Handwierksleit oder soss Liwwerdéngschter am Alldag duer war ze verlauschteren.

Fir eis och well d‘Roadbook hat mol keng 50km virgesinn.

An dach fält engem op wéi confortabel an easy sech esou e groussen Transporter hautdesdaags beweege léisst. Och duerch eng Stad wéi Barcelona.

En optimiséierte Fuerstil gëtt ugepeilt, an esou gëtt ee vum E-Transit permanent zurecht gewise wann emol staark acceleréiert, oder ze brüsk bremst.

Och ufueren ouni Gurt geet guer net! Also e bësschen hat di Testfahrt schonn eppes vu „Big brother is watching you“.

Um Bord vun dësem Ford PRO Event ass dann och nach de Voile vum Transit Custom gelefft ginn. Et geet deemno weider mat der Elektrifizéierung am Utilitär Beräich, well de Modell Courrier a Connect vu Ford kommen no.