Am Automag vun haut steet mam Dacia Spring electric net just de klengste, mee virun allem de bezuelbaarsten SUV am Mëttelpunkt. Ob präiswäert oder einfach nëmme bëlleg - dat huet den Akim Schmit aus der Automag Ekipp probéiert erauszefannen.

D’Elektromobilitéit huet hire Präis – Primmen hin oder hir. D’Renault Duechter Dacia well deem entgéintwierken a stellt mam Spring Electric fir 16.428 Euro den aktuell bëllegsten Elektro-Suv opt Been. Woubäi SUV an dësem Fall just op den Design zoutrëfft. Dass de Pabeier gedëlleg ass, weist sech spéitstens wann een de Spring Electric eng éischte Kéier viru sech stoen huet. En ass däitlech méi kleng wéi erwaart. Et bleift awer e positiven Androck: besonnesch d’Frontpartie mat hire schmuelen LED-Dagfuerluuchten an dem markante Kühlergrill wierkt modern. Fir de Rescht vum Design waren den Designer awer d’Iddien, de Budget oder Béides ausgaange. Schued.

Den Intérieur

Den Interieur ass eng Zäitrees: funktionell, emotiounslos a virun allem haarde Plastik wouhin ee kuckt oder gräift. Och de Confort kënnt ze kuerz. D’Steierrad ass weder an der Héicht, nach an der Déift verstellbar, d’Sëtzer bidde kaum Säitenhalt an d’Sëtzfläch ass fir meng Duerchschnëttsgréisst vun 1,80 m ze kuerz. Mee dëse Mini-SUV huet och net d’Ambitiounen fir mech op menger nächster Weltrees ze begleeden. Déi wier zum enge just als Duo méiglech well d’Réckbänk därmoosse enk ass, dass esouguer kleng gerode Mënsche sech ageengt fillen. An zum aneren läit déi maximal Zouluedung bei grad emol 320 kg.

Den Undriff

An Zäiten wou Elektro-Autoen sech géigesäiteg mat hirer Leeschtung a Reechwäit iwwertrompen setzt Dacia scho bal e Statement: 33kW – respektiv 44 där aler Päerd – stiechen ënnert dem Capot. Dat ass Spuerkascht, geet awer am Stadverkéier mat vill Stop and Go gutt duer. Op der Landstrooss ass et mat der Liichtegkeet, un déi ee sech bei Elektroautoe gewinnt huet, eriwwer. Zéi geet et bis op Tempo 100: ganzer 19 Sekonnen dauert de Sprint aus dem Stand op Tempo 100. An op der Autobunn ass de Spring op der rietser Spuer Doheem. Méi séier wéi 125 km/h leeft de Mini-SUV och mat vill guddem zourieden net.

Am Eco-Modus fält den Top-Speed op 100 Kilometer an der Stonn fir d’Batterie ze schounen. 27,4 kWh späichert d’Batterie am Ënnerbuedem. D’Reechwäit gëtt Dacia mat 230 Kilometer un. Am Test waren et éischter 180 Kilometer – an op emol war se nees do - d’Angscht fir net unzekommen.

Op der Strooss

Wéineg Leeschtung, wéineg Confort: den duerchwuessenen Androck zitt sech wéi e roude Fuedem duerch den Test. D’Fuerwierk ass haart a gëtt Knubbelen am Makadamm ongefiltert wieder, d’Steierung ass knätscheg an onprezis, d’Wand- an Ofrullgeräischer iwwerhuele bei héije Vitessen d’Iwwerhand a bei Autobunnsvitesse gëtt de ganzen Auto nervös a wibbeleg. Dass de Spring Electric beim Euro NCAP Crashtest nëmmen 1 vu 5 méigleche Stäre kritt huet, dréit net zu engem méi séchere Fuergefill bäi.

Am Resumé

16.428 Euro kascht den Dacia Spring Electric. Domat ass de rumäneschen Mini-SUV de bëllegsten Elektroauto am Grand-Duché. Allerdéngs muss de Wonsch no Elektromobilitéit scho grouss sinn fir iwwert déi verschidde Schwächten ewech ze kucken – Präis hin oder hir. An esou ginn ech den Androck net lass, ewéi wann Dacia sech mam Spring selwer eppes beweise wollt.

+ Präis

+ Design

- Fuerleeschtung

- Vereelzten Interieur

- wéineg Plaz op der Réckbänk