Haut fuere mir „à la française“ am Automag. Dat mam Renault Arkana. Dir kennt dee Modell nach net? Mir haten dësen am Test an de Christian Schmit war domat ënnerwee.

20/06/2022 Automag Renault Arkana (Mat Uso)

Arkana kennt aus dem Laténgeschen a kann e mat dem Pluriel vu Geheimnis ëmschreiwen.

Et ass awer a sech kee Geheimnis, dass den Arkana déi neiste Kreatioun vum franséische Konstrukteur ass. Ob déi mir nawell dacks ugeschwat goufen. An dat louch net nëmmen um Valencia Orange an der sportlecher R.S Linn, mat där mir opgefall sinn.


Den Design:            Wat jo scho ganz erfollegräich bei der däitscher Konkurrenz geklappt huet, en SUV Coupé an der Gamme, soll dann och elo bei hinne geléngen.

E Karosserie Trend dee gefält. Den Arkana wierkt ganz eegestänneg, och wann hien um Chassis vum Modell Captur baséiert.

Dat net zu lescht wéinst de Proportiounen. Iwwer 30 Zentimeter an der Längt, méi Rad Stand a gläichzäiteg méi breet an e bëssche méi niddreg.

Vir an och an der zweeter Rei léisst et sech reesen, wann e net iwwer 1m 85 grouss ass.

4 Passagéier kenne mat Gepäck bequeem op den Tour goen.

Den Undriff:             Hybrid oder Mild Hybrid Turbo Bensinner. Dat ass de Choix. Diesel oder manuell schalte gëtt et net méi. Mat der E-Tech Versioun ware mir ënnerwee. Heescht Hybrid, also deelweis elektresch fueren, mee ouni Kabel a net op fräi Bornen ugewise sinn.  

De 1600er Bensinner 4 Zylinder 16 Ventiler leescht 94 PS, an dann hätte mir nach e Startergenerator mat 20 Päerd an den Elektromotor bréngt der nach zousätzlech 49. Esou komme mir dann ob eng System Leeschtung vun 143 PS:

Op der Strooss:               Mat där Hybrid-Variante léisst sech am Alldag mat eiser gewinnter Verkéierssituatioun gutt liewen. D’E-Tech Technologie wiesselt dacks an den E-Modus an de Chauffeur kritt dovu bal näischt mat, ausser et léisst e sech de Flux un Energie um Display affichéieren.

Am beschten e rouege Fuerstil, a kee nervöse rietse Fouss, well temperamentvoll Acceleratiounen huet den Arkana net gär. Nëmmen zéi a mat vill Gedäisch geet et beim Iwwerhuele laanscht.

Et gi keng Schalt Paddelen um Volant, esou dass een och net manuell agräife kann. Den E-Shifter huet just nach d’Positioun B, steet fir Brake. Esou kann Energie recuperéiert ginn esou bal en de Fouss vum Gas hëlt oder bremst. Dat klappt gutt, a wierkt sech positiv op de Verbrauch aus.

D’Fuerverhalen ass neutral, d’Lenkung net ganz präzis, an d’Fiederung net onconfortabel. Traktiouns Problemer kennt den Arkana och net.

Mir haten den Arkana mat op Reportage an d’Ausland, an koumen op 5,7 Liter op 100km. Dat geet sécher an d’Rei fir de 1500kg schwéieren SUV Coupé, a weicht net vill vun der Verbrauchs Annonce vu Renault of.


Den Interieur:                An der RS Linn léisst dat sech weisen, a méi schéi verschafft wéi bei der dacks geluefter däitscher Konkurrenz.

Héichwäerteg mat Carbon Look Dekor, Alcantara / Lieder Polsterung mat gesteppte rouden Néit, an Alu Pedallen. Sëtzer an de Volant kruten eng Heizung spendéiert, Park-Automat, Digital Cockpit an a Saachen Info an Entertainment ass de Fransous och up to date.

An um Präisschëld stinn dann eng 37 000 Euro, wat eis dann och heizou bréngt.

Am Resumé:                 37 000 Euro fir e komplett ekipéierte SUV Coupé mat Plaz fir eng kleng Famill, dat misst eigentlech passen. Virausgesat de Papp oder d’Mamm stelle keng dynamesch Ufuerderungen un de Renault Arkana, mee cruise brav am Alldags Verkéier mat.

 

Fotoe vum Renault Arkana ënnerwee, déi gesi mir wéi gewinnt op www.auto.rtl.lu