Besonnesch d’Generatioun Nummer 4 ass duerch Filmer wéi Fast&Furious an déi ganz JDM-Communautéit zu enger Ikon ginn. Duerno hu sech d’Fans awer bal 20 Joer misse gedëllege bis Toyota endlech déi gutt Nouvelle verkënnegt: et kënnt een neie Supra! An Toyota huet senge Fans weider nogelauschtert wëll elo gëtt et de Supra och mat manueller Boîte. De Paul Origer ass de japanesche Sportler fir eis gefuer.

16/06/2022 AUTOMAG Toyota Supra Manuell Boîte

#Save the manual – esou war de Slogan vun der Presentatioun zu Sevilla, déi d’Geleenheet vum Lancement vum neie GR86 genotzt huet fir den nächste Bonbon lasszeloossen – nämlech eng manuell Boîte fir den Top-Sportswon Supra. An enger Zäit wou ëmmer méi Marken d’Handschaltung ofschafen ass dëst effektiv schonn en aussergewéinleche Schratt.

Den Undriff

Komme mer direkt zur Saach; de Supra gouf traditiounsgeméiss mat Reiesechszylinder lancéiert, allerdéngs gouf et de BMW-Motor grad wéi och dee méi klenge 4-Zylinder-Turbo just mat 8-Gang-Automatik. Et huet net laang gedauert bis d’Clienten de Wonsch no enger manueller Boîte manifestéiert hunn. Toyota ass och drop agaang, allerdéngs war esou direkt keng fäerdeg Schaltbox ze fannen, och net beim Automatik-Fabrikant ZF. Also gouf aus Baudeeler vu Friedrichshafen eppes op d’Mooss gemaach, schliisslech sollt dat neit Gedriw gutt mam 3-Liter-Motor harmonéieren. Den Iwwergang tëscht deenen zwee assuréiert eng nei entwéckelt Kupplung, anengems spuert d’Ewechloosse vun iwwerflëssegem Dämmmaterial Gewiicht a Plaz. Manuell heescht awer elo net komplett fräi vun Elektronik, déi nei Boîte iwwerwaacht intelligent d’Schaltiwwergäng a kann op Knappdrock Dréimoment an Dréizuelen upassen.

Den Interieur

Am Fong keng Rubrik, déi bei dësem Test eng Roll spillt, an awer wichteg fir ze weise wat fir en Opwand huet misse bedriwwe ginn; Toyota huet d’Mëttelkonsol komplett ëmgebaut; d’Commanden fir Infotainment an d’Fuerprogrammer goufe verréckelt an déi ganz Konsol méi breet; schliisslech muss de Schalthiewel gutt an der Hand leien a sech an all néideg Richtung beweege loossen. An och aner Facteure ware wichteg; Toyota huet sech z.B. fir dat perfekt Schaltgefill fir en extra schwéiere Knauf vun 200 g entscheed.

Op der Strooss

Op déi duerfte mer leider nach net; d’Testween waren alles Prototypen a goufen zu Sevilla just um Circuit Monteblanco gefuer. Mee awer och den idealen Terrain fir d’Fuerleeschtunge vun der neier Motor-Boîte-Kombinatioun auszereizen. A ganz kloer ass d’Fuererliewnes, wann een total d’Kontroll iwwert esou ee staarke Motor huet, ee ganzt anert. Bei der neier manueller Boîte huet sech de ganzen Opwand och gelount; d’Schalte mécht enorme Spaass, den Hiewel läit gutt zur Hand an d’Uschlëss passen. Natierlech leeschte besonnesch um Circuit déi elektronesch Hëllefen ee groussen Déngscht fir de perfekten Uschloss. Zesumme mat der neier Boîte goufen och Bremsen a Fuerwierk nach emol iwwerschafft. Interessant ass awer virun allem eng Lightweight-Versioun déi knapp 40 Kilo aspuert an dem Supra zu méi Agilitéit verhëlleft.

Präisser

Sécher geet et hei net drëms fir Suen ze spueren, mee fir Fuerspaass ze gewannen. An awer stinn herno 3700 Euro manner op der Rechnung mat uewendrop nach manner Gewiicht. A fir en Auto, deen et an dëser Kombinatioun mol net beim Technikspender BMW gëtt! Maacht iech also bäi a save the manual!