Och Dacia muss spueren. Deen neien Jogger däerf nämlech direkt 3 Modeller aus der Gamm ersetzen. Ob den Nofollger vu Logan MCV, Lodgy an Dokker genuch Talenter dofir huet, seet eis de Paul Origer.

23/06/2022 AUTOMAG Dacia Jogger

Am Fong ass et e grousse Kombi mat héijem Daach, op der anerer Säit wierkt den Jogger mat sengem opgebockte Fuerwierk an deene ville Plastikverkleedunge wéi een SUV! E bësse Van hu mer och, maximal 7 Leit kann ee mam Jogger transportéieren.

Den Design

Den Jogger kënnt am aktuellen Dacia-Familljendesign; besonnesch vir gläicht en dem Sandero an dem Duster, vun hannen a vu wäit kéint een en awer bal mat engem Volvo Kombi verwiesselen. Säitlech erëm typesch Dacia mat betounten Hëften an der dynamescher Fënsterlinn. Mat sengen 1m63 Héicht ass den Jogger och alles anescht wéi onopfälleg, besonnesch an der flotter Faarf vum Testwon Terracotta Brong.

Den Interieur

Op dee kënnt et beim Jogger un, wëll e riicht sech u Familljen mat begrenztem Budget an awer vill Besoin u Plaz. Mat 5 oder 7 Sëtzer kann een den Jogger bestellen, deemno huet ee grousszügeg 607 oder awer nëmmen 160 Liter Mall zur Verfügung. Déi zwee hënnescht Sëtzer loosse sech, am Fall vu 7 Plazen nämlech net am Buedem versenken a musse fir grousst Gepäck ausgebaut ginn – dat ass net grad praktesch an och net gutt fir de Réck. Wéinstens sëtzt een an der drëtter Rei mol net esou schlecht, besser natierlech an deenen 2 virdrun woubäi déi mëttelst gefillt en hallwe Meter iwwert deenen aneren trount. Dat muss awer keen Nodeel sinn, Kapp a Been hu genuch Fräiheet, esoulaang vir net esou ee Gabarit sëtzt wéi ech. A propos Sëtzen; leider huet mer d’Positioun net esou gutt gefall, d’Beenoplag ass mickreg a leider net virstellbar. Soss ass de Banneraum vum Jogger okay; dat wat ee brauch, ass do an och gutt ze erreechen an de villen haarde schwaarze Plastik gëtt hei an do vu flotte Stoffapplikatiounen a Baguetten opgelackert. Kloer erwaart een sech an dëser Präisklass kee Premium, an awer kéinte schaarf Kanten besonnesch hanne bei de Sëtzer an an der Mall evitéiert ginn.

Den Undriff

Vun deenen 2 eenzegen Motoren hat den Jogger den 3-Zylinder Turbobensinner ënnert der Hauf. Mat 110 PS an 200 Nm e quirlege Gesell, allerdéngs kéint e seng Kraaft méi harmonesch ofginn. Ab 2000 Toure kënnt den Dréimomentbierg an dee léisst sech quasi net ouni Geruckels mam rietse Fouss doséieren. Dofir hält déi laang iwwersate 6-Gang-Boîte de Kaméidi a virun allem de Verbrauch kleng; ënner 7 Liter sinn absolut méiglech, och mat schwéierem Gasfouss.

Op der Strooss

En heescht zwar Jogger mee mat Sport huet en näischt um Hutt. Cruisen a Kilometeren ofspullen, dat kann en, a wann et muss sinn och emol méi séier iwwert däitsch Autobunnen. Just d’Fiederung ass onerwaart dréchen an ze haart gedämpft; bei ville Knubbele gëtt den Jogger nervös a kann a Kéieren och emol versetzen. Mee vläicht huet dat wéinst dem héijen Opbau misse sinn.

D’Präisser

Wann een keng Emotioune mee einfach nëmmen e prakteschen a präiswäerten Auto sicht, dann ass een hei richteg. Dacia paakt, am Fall vun eisem Testauto an der Versioun Extreme fir ronn 22.000 Euro alles eran wat et gëtt; vun Navi mat all méiglecher Connectivity iwwer Klimaautomatik, Tempomat, LED-Luuchten, Keyless a mol guer keng esou iwwel Soundanlag. An et brauch een am Fong och net méi. Net esou gutt awer, dat ee fir een haut schonn übleche System wéi den Doudege Wénkel-Assistent extra bezuele muss an deen och just a méi deiere Versioune kritt.