Zanter iwwer 3 Méint ass et offiziell: D’Mark Alpina gehéiert elo zu BMW. D'Burkard Bovensiepen GmbH vu Buchloe aus dem Ostallgäu ass net nëmmen ee vun deene klengsten an exklusiivste Constructeuren op der Welt, mee si kucke mat iwwer 50 Joer och op eng grouss Traditioun zeréck. Gëtt déi elo bei BMW virugefouert a wéi koum et iwwerhaapt zu deem Schrëtt - de Paul Origer war bei engem Alpina-Event um Bilster Berg mat dobäi a gouf opgekläert!