De Nissan Juke steet an de nächste Minutten am Automag am Mëttelpunkt. Mee dee gëtt et dach schonn eng Zäitchen seet e sech.

Dat stëmmt, mee elo kennt eng Hybrid Versioun dobäi.
De Christian Schmit hate mir op d’Presentatioun geschéckt.

25/07/2022 Automag Nissan Juke Hybrid (MAT USO)

An déi sollt zu a ronderëm Paräis sinn. Esou goung et ganz vif mam TGV an d’Seine Metropole fir de Nissan Juke Hybrid kennenzeléieren.

Den Juke by Nissan huet et net esou einfach. Extrovertéierten Design a just eng eenzeg Motorisatioun, dat huet keng Rise Spréng an der Verkafs Statistik mat sech bruecht.

RTL

Den Undriff:                   Elo dann eng zweet Motorisatioun nieft dem 1000er 3 Zylinder mat 114PS.

D’Hybrid Versioun proposéiert 94 PS aus 1600 Bensinner ouni Turbo, mee do kommen da nach gläich zwee Elektro Motoren dobäi. De Starter Generator leescht 20 PS, an den Elektro Moto steiert der 52 bäi.

De Jerôme Grigny aus dem Nissan Entwécklungs Team erkläert dass een enk mat De Renualt Kolleegen aus der Formel 1 zesumme geschafft hätt. Op eng Trenn Kupplung tescht dem Verbrennungs Motor an der Boîte wollt e verzichten.

D’Allianz mat Renualt besteet jo nach ëmmer, an esou gouf di hei Hybrid Technik och zesummen entwéckelt. Kee Plug-In Hybrid, de Juke gëtt net mam Stécker un eng Borne ugehaangen.

RTL
RTL

Dobäi gehéiert Nissan jo eigentlech mam LEAF zu de Pionéier wat Elektro Mobilitéit ugeet.

Op der Strooss:               Duerch d’Allianz mat den E-Motricë kommen do eng 143 PS als System Leeschtung zesummen. Dat si 25 % méi wéi 3 Zylinder Turbo Alternativ déi am Programm bleift.

An da kréie mir versprach dass di méi staark Versioun nawell 20 % manner Duuscht soll hunn.

Also näischt wéi hannert de Volant an op den Testparcours. Dee féiert eis op charmant Dierfecher a laanscht Schlässer ronderëm di franséisch Haaptstad.

Hei mierkt e séier wéi dacks een tatsächlech reng elektresch ënnerwee ass. Am renge Stadverkéier kennen dat bis zu 40 % ausmaachen. Eng defensiv Fuerweis viraus gesat, an den E-Pedal Knäppchen an der Mëttel Konsol aktivéieren.

Esou kréie mir dann och um Enn um Bordcomputer just eppes iwwer 5 Liter affichéiert. Kloer d’Bremsenergie déi recuperéiert gëtt hëlleft de Verbrauch och nach reduzéieren.

Elo weess ech mech ze erënneren am Oktober d’lescht Joer den 1000er mat 114 PS am Test gehat ze hunn, an do waren et effektiv eppes iwwer 6 Liter déi mir verbraucht hunn.

Positiven Nieweneffekt och nach. Acceleratioune lafe geschmeideg of, an den Dezibel Peegel hält sech och a Grenzen. Vill besser wéi bei enger stufeloser CVT Boîte.

E puer Kilometer kann een am EV Modus de Nissan Juke och reng elektresch beweegen.

RTL
RTL

 

D’Präisser:                  Jo do heescht dann awer fir d’Hybrid Technik déif an Täsch gräifen.

Eng 2500 Euro muss engem dat wäert sinn, an wéinst der Batterie de Verzicht op 70 Liter Volume an der Mall. Dofir e bëssche méi Temperament, a manner Verbrauch bei verhalener Fuerweis. Vu baussen a bannenan ass den Hybrid Juke kaum ze ënnerscheeden. Ausser um neie Kühlergrill, wat vum neien Elektro Modell Ariya kennt.

Op mir den Juke vu Nissan elo méi dacks am Stroossebild gesi bleift ofzewaarden.

Zu wat esou en Juke alles am Stand ass konnte mir op der Presentatioun gesinn.

Ech soe just R-Snow, Juke GT-R, an Juke Rallye Tribute Concept…

 

Fotoe vum Nissan Juke elo dann als Hybrid, a vun deene spektakulären Unikater, déi kenne mir eis op www.rtl.lu ukucken.