Et gi Leit, déi hunn et gäre méi exklusiv a genee op déi ziilt schonn iwwer 50 Joer Alpina. De BMW-Veredler aus Buchloe kuckt op eent vun den erfollegräichste Joren zeréck a schéngt och net op de Lorberen ze raschten. Um Bilster Berg huet de Familljebetrib hir neiste Modeller gewisen an de Paul Origer war fir eis dobäi.

14/07/2022 AUTOMAG Nei Modeller bei Alpina

An der Reegel läit Alpina bei 1500 – 1800 Autoen am Joer, 2021 gouf awer dunn d’2000er-Markéierung geknackt. An all Segment sinn déi exklusiv BMW-Modeller vertrueden a follegen nach ëmmer der selwechter Philosophie: vill Leeschtung an intelligent Ingenieurskonscht diskret verpaakt, mat den typesche Merkmaler wéi Felge, Spoiler oder dem bekannten Alpina-Striping, dozou natierlech och de perséinleche Kontakt mat de Clienten an d’Lauschteren op hir Wënsch.

4diereg Coupéen verkafe sech an tëscht vill besser wéi 2diereg. De Succès vum 4er Gran Coupé ass deemno grouss, an Alpina proposéiert mam B4 souzesoen den "M-Modell", deen et bei BMW net gëtt. Basis ass den M-Motor mat 6 Zylinder an der Rei, dee vu virdrun 462 op 495 PS zouleet. Besonnesch houfreg si se op de laangen Dréimomentberäich, erreecht gouf dësen an e bessert Uspriechen duerch nei Turbolader an eng méi performant Killung. Fir dat dës Leeschtung och sécher op der Strooss ukënnt, goufen déi grouss Rieder vum 5er Touring iwwerholl a besonnesch de Motorraum versteift. Beléift an e feste Pilier an der Gamm bleift awer och weiderhin den Diesel; den D4S setzt natierlech och op de Reiesechser an iwwertrompt d’BMW-Topmotorisation 430d mat am ganzen 355 PS.

De Bestseller ass a bleift natierlech den 3er. Ech hat d’Chance mam aktuelle B3 Touring bis erop an Ostwestfalen-Lippe ze fueren a mech vun de Kalitéite vum M3-Géigepol ze iwwerzeegen. Um Bilster Berg stoung dann och schonn d’Facelift-Versioun vum B3 bei deem de Baussendesign méi sportlech an d’Motoren em 33 PS méi staark goufen. Mat 495 PS leescht de B3 méi wéi d’Konkurrenz vun Audi a Mercedes ouni am Präis ze iwwerdreiwen. Ass spueren trotzdeem ugesot, dann ass den opgefrëschten Diesel D3S mat 355 PS interessant. De stäerksten Diesel a séngem dënn besate Segment profitéiert natierlech och vum Facelift a kritt besser Equipementer wéi nei LED-Luuchten mat spezielle Fonctioune baussen a bannen dem Widescreen-Display an enger neier Mëttelkonsol mam aktuelle Schalthiewel.

Den déckste Modell an der Gamm lauschtert op den Numm XB7. 1300 Unitéite goufen zënter dem Lancement am August 2020 verkaaft, dovunner 1100 aleng an den USA. Esou kënnt et dann och, dat den XB7 komplett vu BMW zu Spartanburg gebaut gëtt. Just Europa-Modeller maachen hiren obligatoreschen Tëschestopp a Bayern. Als Avant-Première gouf um Bilster Berg de Facelift ausgestallt, deen sech optesch natierlech dem BMW-Modell upasst an déi nei Motore mat Mildhybrid-Technik mat bis zu 621 PS iwwerhëlt.

Natierlech huet Alpina eis d’Geleeënheet ginn, fir hir neiste Wërf och emol iwwert de Bilster Berg ze joen. An hei hu sech d’Ennerscheeder beschtens erausgestallt; anescht wéi bei den M-Modeller zielt hei net déi absolut Performance, mee de perfekte Spagat tëscht Leeschtung, Fuerverhalen a Confort. Sécherlech ass ëmmer genuch Wuppes ënnert dem Gaspedall an déi eng oder aner Kéier gëtt souverän gemeeschtert, trotzdeem gëtt op briethaart Fuerwierker oder nervös ofgestëmmte Boîte verzicht. Genee dat mécht de Succès aus, an dat an egal wéi enger Baurei. Bleift ze hoffen dat ënnert dem neie Marke-Propriétaire BMW dëse Kredo weider verfollegt gëtt.