De Nissan Qashqai ass a bleift e ganz beléiften SUV Modell. Iwwer de Verkafs Erfolleg kann e sech bei 5,5 Milliounen Exemplairen an iwwer 40 Länner bei Nissan net beschwéieren.

An awer gouf elo am Summer nach d’Versioun e-Power presentéiert.
Wat sech do derhannert verstoppt, dat weess de Christian Schmit.

04/08/2022 Automag Nissan Qashqai e-Power (MAT USO)

An dat sollte mir a Schweden zu a ronderëm Stockholm gewuer ginn.

e-Power steet drop, mee et ass keen Elektroauto, also zumindest net zu 100 %.

Vu baussen och just un deem Schrëftzuch ze erkennen, soss bleift de Modell optesch onverännert. Bon koum jo och eréischt 2021 nei eraus an der 3. Generatioun.

Den Undriff:                    Komme mir dann och gläich op dat ze schwätze wat nei ass.

De seriellen Hybrid Moteur mat elo engem 1500er Turbo Bensinner 3 Zylinder mat 190 PS an der sougenannter System Leeschtung. Zwee Elektro Motoren, en Inverter an eng 2,1 kw/h staark Batterie déi beim Acceleréiere bäi sprengt.

RTL

Et hätt een der Clientèle nogelauschtert, déi wéinst der europäescher Fuerweis, e méi leeschtungsstaarke Moto gewënscht hätt.

Wéi et fonctionéiert, hu mir eis erkläre gelooss, an do gëtt elo e bësschen technesch.

RTL

E Novum. D’Rieder ginn nämlech net vum Verbrenner, mee vum Elektromotor ugedriwwen. De Verbrenner produzéiert Stroum deen dann un den Elektromotor weider gereecht gëtt.

An et ass genee dat wat e beim Fueren un en 100 % Elektro Auto soll erënneren. Awer ouni dass de Qashqai op eng Borne a Kabel ugewisen ass.

Interessant, wëll jo nach laang net jiddereen Accès op Bornen huet, oder doheem eng installéiere kann.

Op der Strooss:             De „smooth ride“ wéi a Japan kennt där doten Technik entgéint.

A vläicht war och net vun ongeféier e skandinavescht Land ausgewielt gi fir d’Presentatioun. Well hei wimmelt et nëmmen esou u Vitesse Limitatiounen an u Radaren.

Ergo schwëmmt e brav mat am Verkéier an ass genügsam ënnerwee.

 A wou mir dunn e Passage Autobunn am Roadbook vrun eis haten, hu mir gemierkt dass een duerchaus zügeg mam e-Power Qashqai kann ënnerwee sinn. Den dréimomentstarken Elektro Motor kennt gutt vum Fleck, ouni mat héijem Dezibel Peegel opzefalen.

RTL

RTL

An besonnesch positiv gëtt notéiert dass dat onagréabelt Gedäisch vun enger stufeloser CVT Bôite, wéi soss bei Hybrid Modeller och aus bleift.

Eng 8 Sekonne bis op 100 verginn, mee bei bei 170 ass Schluss. Bon anerer kennen dat besser, mee ganz éierlech wéini sidd dir fir d’lescht 170 gefuer?

Ass och besser fir de Verbrauch.

5,5 Liter hate mir op eisem knapps 130 km laange Parcours um Compteur. Ganz no un deem wat Nissan versprécht, mee awer och just mat enger Vitesse am Duerchschnëtt vun 48km/h.

D’VCR Technik, steet fir Variable Compression Technology hëlleft bei der Consommatioun a natierlech e-Pedall fir e Maximum u Rekuperatioun.

Mat der butzeger 2 kw/h Batterie ass e mam Qashqai e-Power ganz seelen reng elektresch ënnerwee.

Am Resumé :             Houfreg ass e bei Nissan dass di Kombinatioun Verbrenner / E-Power keng 1500 Euro méi kascht.

Wien dem Elektro Auto nach skeptesch géintiwwer steet, vläicht dann d‘Léisung an dësen Zäite vun Transitioun. Op alle Fall ass e mam Qashqai e-Power mat enger eenzegaarteger Technik ënnerwee, wat engem awer an der N-Connecta Versioun mindestens 39 400 Euro wäert si muss.

RTL
04/08/2022 Automag Nissan Qashqai e-Power (MAT USO)