Zäit fir den Automag och am Summer. Déi Kéier komme mir mat engem klenge Japaner gefuer dee sech schéin erausgefiizt huet, engem Pick-Up deen a seng zweet Generatioun geet, an e ganz dynameschen Elektroauto.

De Christian Schmit stellt eis si vir.

Automagnews 08.08.2022 (MAT USO)

Toyota Aygo X, VW Amarok a VW ID 5 GTX, dat sinn déi Autoen iwwer déi mir elo schwätzen, resp. déi mir scho konnten testen.

RTL

RTL

Toyota huet de Modell Aygo effektiv e gutt Stéck méi attraktiv hi krut. Aus deem klenge Stad Auto dee sech de Chassis mat Peugeot a Citroën gedeelt huet ass elo en attraktive Mini Crossover ginn.

En hat eis eng Woch laang am Alldag begleet, a mir sinn dacks drop ugeschwat ginn. Bon mat sengem „Cardamon Green“ an en Touch orange si mir mat him opgefall.

Manner cool ass Temperament. Toyota proposéiert just den 1000er 3 Zylinder mat 72 PS. Geet sécher fir vill Situatiounen duer, mee war och net méi. Iwwerhuelen iwwerleet e sech gutt, a wann awer, da kritt och jiddereen et mat deem Dezibel Peegel mat.

De klenge Japaner wierkt ugestrengt. Hu mir gutt op den Eislécker Koppe gemierkt. Also fläisseg schalten, wat awer mat der gutt definéierter 5 Gang Boîte kee Problem ass.

De Verbrauch, je no Fuerweis, tëscht 5,2 a 6,1 Liter.

Alles an allem en attraktive 4direge Gesell mat Plaz fir 2 Erwuessener an 2 Butzen. Wëll hannen ass et zimmlech enk, an et muss e gewieweg sinn fir do eran ze kloteren. Mee esou en Toyota Aygo X kennt dann awer och schonn op iwwer 20 000 Euro

Op enger opwenneger Online Pressekonferenz mat Live Schaltungen a Südafrika gouf virtuell di 2. Generatioun vum Pick Up Amarok presentéiert.

A Südafrika leeft e vum Band a kennt Enn 2022 bei eis un, an deelt sech elo Technik a Know How mam Ford Ranger. „State oft the art“ an deem Segment.

Den Design awer kloer an der DNA vu VW. Wierkt vill méi modern a wëll och trotz Pick Up méi Limousinn wéi Utilitär sinn. Och wann déi Talenter net verluer ginn.

De 5.35m laangen Amarok ka 500kg lueden an 3,5 Tonnen zéien. 800 Millimeter héicht Waasser ass och keen Obstakel.

Och bannenan gëtt et Luxus Featuren an en 12 Zoll Ecran deen an der Mëttelkonsole dominéiert. Weder E-Power oder Hybrid ënnert dem Kapo. Et bleift bei Turbo Diesel a Bensinner. Leeschtungs Spektrum tëscht 170 an 302 PS.

A fir d’Nostalgiker bleift di al Versioun och nach am Programm a gëtt weiderhin an Argentinien produzéiert.

Kaum um Marché ware mir schonn e puer Deeg mat him ënnerwee. Mam fuschneien VW ID 5 GTX.

Jo och Elektro Autoe ginn ëmmer méi attraktiv a villfälteg. Do dierf et als GTX och elo en dynamesche Coupé sinn. Chic chic, a mat 299 PS och mat vill Kraaft wëll Dual E-Power.

Wie wëll ka ganz séier op 100 sinn, keng 9 Sekonne verginn, an och soss ass Fuer Spaass garantéiert. Mee di kruzial Fro ass a bleift awer nach ëmmer wéi weit kommen ech mat der 77 kw/h Batterie tatsächlech.

Mir hunn et ausprobéiert. 455km Autonomie gi beim Départ affichéiert. 310 Kilometer si mir gefuer, kuerz Autobunn Passagen inclus. Beim Retour hätte mir nach 150km Jus an der Batterie gehat. Verbrauch 17,7 kw/h.

Mee et muss een awer och wëssen dass den Auteur vun dësen Zeilen eleng an ouni Gepäk ënnerwee war!

„Une impression durable“ behapt VW, also eng gutt Impressioun huet en iwwerall hannerlooss wou mir eis mat him weise gelooss hunn.

57 700 Euro sinn op mannst fälleg fir de VW ID 5 GTX mat Allrad Traktioun.