Virun zwee Joer war en annoncéiert ginn, elo war et dann iwwer de Summer endlech esouwäit. Di international Presentatioun vum Nissan Ariya.

Fir den Automag war de Christian Schmit mat dobäi.

18/08/2022 Automag Nissan Ariya (MAT USO)

An dat zu Stockholm a Schweden. „Welcome back“ esou housch et op der Pressekonferenz.

Mam Modell Ariya wëll Nissan sech erfollegräich op der Bün vun den Elektro Autoen zeréck mellen, a gläichzäiteg am Premium Segment etabléieren.

Jo wëll dee méi klenge Brudder, a Pionéier bei der Elektromobilitéit, de Modell LEAF bleift weiderhin am Programm.

Et gouf Zäit fir Nissan, wëll an tëscht huet jo quasi all Konstrukteur een oder méi E-Modeller an der Gamme.

Den Design:              Modern an elegant presentéiert sech den Ariya. Eng ganz aner Design Sprooch wéi de Renault Mégane E-Tech mat deem e jo Famill ass.

Op 4m 60 gëtt et e coolen Crossover deen am Wand Kanal optiméiert gouf. Bewosst japanesch ugehaucht baussen a bannen E fält op a weess ze gefalen. A Schweden emol op alle Fall a bestëmmt och bei eis. Wëll eng 1000 Stéck wäre scho bestallt, éier di éischt ugangs Hierscht ausgeliwwert ginn.

Den Undriff:              Et huet een de Choix tëscht e puer Leeschtungs Stufen beim Nissan Ariya. De Basismodell mam Elektro Motor un der viischter Achs kennt op 160kw, deemno 218 PS, an 63 kw/h Batterie.

Donieft da nach 242 PS a 87kw/h an der Batterie, an Top Versioun déi liwwert 225kw, dat sinn 306 PS. Hei ass dann och eng 4X4 Traktioun Standard. Dat nennt sech beim japanesche Konstrukteur dann e 4orce. Tëscht 400 a 530 km leit di annoncéiert Autonomie.

Op der Strooss:                  Bon elo weess e jo dass a skandinavesche Länner ganz disziplinéiert gefuer gëtt, an de Fournisseur vu Radaren a Vitesse Limitatioun Schëlter sech d’Hänn kenne reiwe bei där Mulitude laanscht d‘Strooss.

RTL
RTL

Ergo ganz brav ass een ënnerwee an den Itineraire vum Roadbook war ouni Problemer ze absolvéieren.

De Verbrauch gouf bei enger Moyenne vu 54km/h mat knapps 16 kw/h um Bordcomputer ugewisen.

Mir konnte just den Ariya mat der „klenger“ Batterie testen. Mee och dee mecht Spaass. E niddrege Schwéierpunkt, e straff ausgeluecht Fuer Wierk an eng direkt Lenkung, dat passt. Gutt esou.

300Nm Dréimoment, 7,5 Sekonnen an et huet e schonn 100 drop. Bei 160 ass Schluss. (Mat der 87 kw/h souguer 200 Spëtzt. Dat fir Länner wou de Radar méi e raren Artikel ass)

Net esou séier geet et un de Bornen. Den 22kw Stécker fir ze luede kascht schonn an der Basis Oppräis. An och mat deem u Bord kenne just mat 130kw maximal opgeluede ginn.

Dat kann d’Konkurrenz besser, och wann d’Nissan Ingenieure betount hunn dass nawell tëscht 20 an 80% vun der Batterie no enger gudder ½ Stonn dra wier.

Am Alldag kann een da wéi gewinnt tëscht Eco, Confort a Sport switchen. E-Pedal dierf net feelen, an esou ka richteg vill Autonomie recuperéiert ginn.

Vu Virdeel ass och dass d’Batterië beim Ariya 33% manner op d’Wo bréngen.

RTL

Den Interieur:                Bannenan vill Plaz, egal op e vir oder hanne sëtzt. Schued dass d’Been net ënnert d’Sëtzer gestreckt kenne ginn. De Cockpit presentéiert sech digital a japanesch afin. De Produkt Manager huet dat mam Kumiko Style beschriwwen. Geometresch Ornamenter an de Banne Spiegel liwwert Kamerabiller vu baussen. An der breeder Mëttel Konsol léisst sech vill verstauen, a sech elektresch beweegen. Eng zweet Konsol kann esouguer als mobile Schreifdësch genotzt ginn. An d’Mall passen och 470 Liter.

Präisser:                   Wann de Nissan Ariya elo am Hierscht an de Showroom kennt, da parkt e bei iech am Garage no enger Iwwerweisung vun op mannst 48 445 Euro an der Versioun Evolve. Den Top Modell dann 61 015 Euro.

Nissan ass zeréck am Spill mat engem iwwerzeegenden Elektro Auto an deem Segment wat am Moment am meeschte gefrot ass.

RTL