En SUV kann een op vill Manéieren interpretéieren, eng dovunner heescht Forester a kënnt vu Subaru. An dee war elo zeideg fir ee grousse Facelift. Wat elo bei sengem Alldagstest erauskoum, dat seet eis de Paul Origer.

01/08/2022 AUTOMAG Subaru Forester

Wann een d’Zäit zeréckdréint, da war de Forester eigentlech ëmmer een ze héich gerodene Kombi. An dat ass och bei der neister Generatioun esou. Mee dat huet och duerchaus seng Virdeeler.

Den Design

Bon, loosse mer soen, et ass eng Affaire de Goût. Déi nei Nues mat der frëscher Kalander an de remodeléierte Luuchten wierkt e bëssen iwwerdesignt, de wuchtege Capot an déi héich Taille imposant. Mee dat ass eben dat, wat fir Subaru een SUV ausmécht. Hanne falen d’Ännerunge mat just engem neie Pare-Choc méi kleng aus, donieft ginn et nei Felgen an nei Faarwen wéi déi typesch Fierschter-Gréng vun eisem Testauto.

Den Interieur

Den éischte Subaru wou och ech mat mengen zwee Meter richteg gutt Plaz hunn an dobäi och nach gutt sëtzen, bravo! An dat hanne wéi vir! Wien e geraimege Won mat nëmme 4m62 Längt sicht, deen ass hei un der richteger Adress. Egal ob iwwert dem Kapp oder virun de Knéien, de Forester ass bannenan agreabel lëfteg. An dat typesch héicht Greenhouse mat de grousse Fënsteren suergt net nëmme fir genuch Luucht mee och fir eng perfekt Iwwersiicht. Keng onnéideg Coupé-Dachlinn oder Design-Experimenter mee de prakteschen Notzen stoung hei am Virdergrond. Och d’Mall ka sech mat iwwer 500 Liter weisen. Apropos praktesch; Oflagen a pfiffeg Iddien wéi Kreep um Plaffong fir an der Mall Saachen opzehänken gi gebueden. Just de Bannendesign muss engem gefalen; den Tableau ass eng kleng Zäitrees; vill Knäppercher, analog Instrumenter – am Fong ganz okay a liicht ze bedéngen, mee eben e bëssen oldschool.

Den Undriff

Wee Subaru seet, dee seet Boxermotor an dee kënnt am Forester d’office mat permanentem Allrad an Automatik. An och leider mat nëmmen 150 PS. Wëll wa 1700 Kilo musse beweegt ginn, da muss een den 2 Liter Bensinner héich dréinen. Mat der stufenloser CVT-Boîte ass dat och dacks de Fall wëll et dem Sauger un Dréimoment feelt. Zum Gléck kritt en elo an der neier e-Boxer-Versioun e bëssen elektresch Ënnerstëtzung. Engersäits fir ganz kleng Distanzen reng elektresch ze fueren, anerersäits fir dem Boxer leeschtungstechnesch e bëssen ënnert d’Äerm ze gräifen. An der Praxis fonctionéiert dat och net schlecht, awer nëmme wann een et gemälleg ugeet. Dee Moment schwëmmt ee gutt mat, et bleift immens roueg am Banneraum an de Verbrauch pendelt sech bei 8 Liter an. Och de Wiessel tëscht Verbrenner, Recuperatioun an Elektro fonctionéiert ouni gréissert Geruckels.

Op der Strooss

Mam Facelift gouf d’Fiederung iwwerschafft an do huet Subaru wierklech top Aarbecht geleescht; rare huet een SUV esou confortabel gefiedert ouni awer ze mëll oder schaukeleg ze sinn. Okay, de perfekte Kandidat fir d’Eschduerfer Biergcourse ass et net, trotzdeem huet dat typescht Konzept mam déiwe Schwéierpunkt konnten iwwerzeegen an esouguer iwwerraschen. Nei sinn och eng Panoplie vun neien Assistenzsystemer déi semi-autonomt Fueren erméiglechen: sief et den aktive Spuerassistent oder den Ofstandsradar; béides huet erstaunlech gutt fonctionéiert a virun allem net mat Gepiips oder abrupten Agrëff genervt. Och déi neiste Generatioun vun Eyesight, deen d’Opmierksamkeet vum Chauffer iwwerwaacht, huet hir Aarbecht richteg gutt gemaach.

D’Präisser

Wéi gesot, de Look ass Affaire de Goût an de Motor e bësse schwaach op der Broscht, mee wiem dat egal ass, dee kritt hei fir duerchschnëttlech 40.000 Euro een Auto, deen alles huet a villes kann!