Am Automag vun haut dréint sech alles ëm en Dinosaurier: den neien Range Rover V8. Wat et mam Dinosaurier op sech huet, a wéi sech den neie „Range“ op der Strooss mécht, weess den Akim Schmit aus der Automag-Ekipp.

15/08/2022 AUTOMAG Range Rover

An eiser schnelllieweger Zäit sinn richteg automobil Klassiker eng Raritéit. Eng dovun ass mat Sécherheet den Range Rover. 1970 ass déi éischt Generatioun vum Range op de Marché koum, an elo brengt Land Rover – schon oder besser eréischt – déi 5. Generatioun eraus. An erëm schléit den neie Range Rover d’Bréck tëscht Luxus, Offroadcapacitéiten a Leeschtung.

“Never change a winning team” soen d’Britten. Abee am groussen a ganzen resuméiert dat den Design vum neie Range. D’Kante si méi glat an d’Spaltmoossen méi reng ginn, ma d’Frontpartie an d'Säitelinn sinn onverkennbar Range Rover. Et ass eréischt beim hënneschten Deel wou d’Iwwerraschung waart: als futuristesch-minimalistesch léisst se sech beschreiwen. Mat ofgedonkelte Réckluuchten tëscht deenen e schmuelt Liichtband verleeft ass se ongewinnt, awer och onverwiesselbar. Entweder den Design gefält, oder et kann een näischt domat ufänken. Ech fir mäin Deel konnt mech iwwert d’Dauer vum Test domat ufrënnen. Genee esou wéi mat senge banneschte Wäerter.

RTL

Den Intérieur

De Ranger Rover spillt an der Klass vun de Luxus-SUV. D'Konkurrenz kënnt vu Bentley oder Rolls-Royce. An dat mierkt een esoubal een era klëmmt. Lieder, Holz an Aluminium dominéieren den Intérieur, Plastik kënnt nëmmen an homeopatheschen Dosen zum Asaz. Och un der Veraarbechtung gëtt et näischt auszesetzen. Chauffeur a Bäifuerer kënne sech et a gehëtzten - oder aktuell méi interessant: belëften - Fotellen bequeem maachen. Wéi wier et mat enger Massage? An dëser Klass kee Problem. Déi besser Plazen sinn  awer an der zweeter Reih. Nieft Plaz am Iwwerfloss feelt et engem un näischt: elektresch verstellbar Recklehnen, automatesch Storen fir d’Fënsteren ze verdonkelen, eng separat Commande fir d’Klimaanlag a voll Kontroll iwwert den Infotainment-System vun der zweeter Rei aus. Kee Wonner dass Kinnekshaiser a Läinwandhelden op hire Range schwieren.

Den Undriff

An engem Wuert: standesgeméiss. An eisem Testauto huet sech ënnert dem Capot d’Topmotoriséierung, en 8 Zylinder mat 4,4 Liter Hubraum a 530 Päerd verstoppt. En Undriff deen am Automag zu de Raritéiten zielt a vum Ausstierwe bedreet ass. Geliwwert gëtt den Undriff mëttlerweil vu BMW. Gekoppelt un eng 8-Gang-Automatik dauert de Sprint aus dem Stand op Tempo 100 knapp 4,6 Sekonnen. Net just d’Acceleratioun, mee och de Klang vum 8-Zylinder sinn ëmmer erëm op en neits beandrockend. Fir komplett ze sinn: a mengem Test huet e sech de Verbrauch tëscht 12 a 14 Liter op 100 Kilometer beweegt.

Am normale Betrib ass et awer virun allem d’Rou bannendran déi beandrockt. Zum engen gouf besonnesch Wäert op d’Isolatioun geluecht. Zum anere kënnt eng aktiv Geräisch-Ennerdréckung zum Asaz.

Op der Strooss

D’Fuerwierk ass confortabel a léisst ee mat senge Loftfiedere praktesch iwwert de Makadamm schwiewen, d’Allradlenkung suergt fir d’Handlechkeet. Dynamesch léisst de Range sech méi séier beweegen wéi een em et zoutraut, déi 2,5 Tonnen Gewiicht loosse sech awer och mat vill Technik net a Loft opléisen. Dofir bleift e sech als Land Rover awer an anere Beräicher trei. Sämtlech Technik fir och Offroad eng gutt Figur ze maachen ass u Bord. Ech hu mech mech awer mat Bléck opt Präisschëld léiwer zeréck gehaal…

D’Präisser

Déi gutt Nouvelle firt éischt: eisen Testauto hat fir nëmme 6.000 Euro Optiounen u Bord. Déi schlecht: de Range Rover V8 kascht op t'mannst 171.000 Euro. An dat ouni Optiounen, an ouni Chauffeur.

+ Veraarbechtung

+ Leeschtung

+ Confort

- kee Chauffeur am Präis mat dran