Mam CX-60 huet de japanesche Constructeur Mazda e Crossover opt Rieder gestallt, deen et op d’Premium-Konkurrenz aus Europa ofgesinn huet. Ob BMW X3, Audi Q5 oder Mercedes GLC sech elo waarm undoe mussen, weess den Akim Schmit aus der Automag Ekipp.

Gefälleg, onopgereegt an ouni Iwwerraschungen déi engem sauer opstousse kéinten, esou seet den neien CX-60 virun eis. Mat engem grousse Killergrill, vill Chrom a schmuelen, wäit bausse positionéierte Pharen wierkt e méi kräfteg wéi säi klenge Brudder CX-5. 18 Zoll Liichtmetall-Felgen si Serie, eisen Testauto hat déi optional 20 Zoll grouss Felgen montéiert fir déi sportlech Ambitiounen ze ënnersträichen.

Den Interieur

Bannendran stinn d’Zeechen op Premium. Dass se bei Mazda verstanen hunn, wéi een héichwäerteg Interieure baut huet sech an der tëscht erëm geschwat. Ma elo huelen d’Japaner nachemol Ulaaf fir hirem Premium-Usproch gerecht ze ginn. Besonnesch d’Veraarbechtung ass hinne gutt gelongen, näischt peekt sech bëlleg un oder wierkt ewéi wann de Comptabel e Wiertche matzeschwätzen gehat hätt.

Alles wierkt opgeraumt a modern. Duerch d’Linneféierung vun der Armaturentafel hu besonnesch Chauffeur a Bäifuerer e gutt Raumgefill. Déi  breet Mëttelkonsol bitt vill Oflagen an – wat mer net méi oft gesinn – de Commande vum Infotainment-System eng Plaz. Richteg héieren: am CX-60 gëtt net getouched a geswiped mee gedréckt a gedréint. Einfach a praktesch.

Net ganz esou praktesch geet et an der zweeter Rei zou: fir normal grouss Erwuessener gëtt et séier enk ëm d’Knéien. Méi Plaz dierft am CX-80 sinn, dee Mazda ugekënnegt huet an eng Nummer méi grouss ass.

RTL

© Akim Schmit

Den Undriff

Mam CX-60 lancéiert Mazda säin éischte Plug-In Hybrid. Ënnert dem Capot schaffen en 2,5 Liter Véierzylinder Bensinner mat 191 Päerd – dee mer als Topmotoriséierung aus dem CX-5 kennen - an en Elektromotor mat enger Leeschtung vun 129 kW (175 PS) zesummen. Mat 329 Päerd Systemleeschtung gëtt esou aus dem CX-60 de stäerkste Modell, dee Mazda bis elo gebaut huet.

Déi reng elektresch Reechwäit soll bei 63 km leien, am Test sinn déi 17,8 kWh aus der Batterie fir ronn 45 Kilometer duergaangen. Wuel och, well mer d’Leeschtung déi eng oder aner Kéier ofgeruff hunn: 5,8 Sekonnen ginn fir de Sprint op Tempo 100 duer. D’schalten iwwerhëlt dobäi eng nei, vu Mazda selwer entwéckelt 8-Gang Boîte. Den Allrad-Undriff ass beim Plug-In Hybrid Série.

De Verbrauch gëtt Mazda mat 1,5 Liter Bensinn op 100 Kilometer un. An der Realitéit dierft dëse Wäert awer net ze hale sinn. No 120 Kilometer ronderëm Leverkusen huet eisen Testauto eng Moyenne vun 4,6 Liter Bensinn an 21,1 kWh Stroum op 100km ugewisen. Dat ass héchstens Mëttelmooss. Änlech grouss Elektro-SUV’en verbrauchen net méi Stroum a komme ganz ouni Bensinn aus…

D’Frënn vum Verbrenner musse sech nach e bësse gedëllegen: en 3,3 Liter Sechszylinder Diesel (mat 200 oder 254 Päerd an 48 Volt-System) an en neien 3-Liter Sechszylinder Bensinner stinn an de Startlächer.

Op der Strooss

Den CX-60 positionéiert Mazda am Premium-Segment, also do, wou net just Leeschtung mee och Confort grouss geschriwwe gëtt. A genee an dëser Disziplin leescht sech eisen Testkandidat seng gréisste Schwächt: d’Fuerwierk ass ze straff ofgestëmmt: domat léisst sech den 2,1 Tonne schwéiere Crossover zwar erstaunlech agil beweegen, mee all Knubbel an all Buedemwell bréngen den CX-60 aus dem Takt.

Mazda seet, et wier een dee Kompromëss zu Gonschte vun der Fuerdynamik agaangen. Ob de Confort oder d’Fuerdynamik de Keefer méi wichteg sinn, wäert sech an den nächste Méint weisen. Den CX-60 Plug-in Hybrid steet vun elo u mat 49.200 Euro an der Präislëscht.

+ Leeschtung
+ analog Commanden
+ Finitioun

 - Fuerwierk ze haart
 - Automatik-Boîte nervös
 - relativ héije Verbrauch