Haut hu mir am Automag Rendezvous mat engem „Klassiker reloaded“. Dee gouf elo an där Stad presentéiert wou dëst Joer och den Tour de France lancéiert gouf.

Zu Kopenhagen an Dänemark.
De Christian Schmit war mat dorobber, a wat hat dann do seng Weltpremière gefeiert?

08/09/2022 Automag VW ID BUZZ (MAT USO)

De VW ID BUZZ. „Icon reloaded“ dohier, wëll mam ID BUZZ gëtt sech gläich un de VW T1 vu viru 70 Joer erënnert. An esou een aus der VW Oldtimer Collectioun war dann och gläich mat ugereest. Sympathesch, praktesch, elektresch, dat ass de VW ID Buzz anno 2022.

“Icon reloaded”, eng schwiereg Aufgab? De Christof Peine aus dem Marketing.

Na ja so schwierig eigentlich nicht. Wir bauen ja seit 70 Jahren den Bulli. Das Fahrzeug wird richtig angenommen. Die Leute zeigen mit dem Finger drauf und sagen was hat VW denn da Tolles auf die Räder gestellt.

An dee Mann sollt Recht behalen. Wou een eis och mam ID Buzz erbléckst hat, si mir op dësen ugeschwat ginn. Egal ob des Säit an Dänemark, oder déi Säit dem Oeresund a Schweden.

Dass de VW Elektrobus esou gutt ukënnt leit sécherlech u sengem staarken Ierwen, dee jo Synonym fir Fräiheet an Onofhängegkeet stoung. An dat fir ganz Generatiounen. Ausser nach dem legendäre Käfer hat keen anere Modell aus der VW Gamme dat gepackt.

RTL
RTL

No der xter Sneak Preview, elo endlech prett fir op d’Strooss. Ka scho bestallt ginn, an di éischt Exemplaire fir de Grand Duché ginn ugangs Januar 2023 ausgeliwwert. Esou housch et vum Importateur. 

Dat positiivt Liewensgefill ass elo am 21. Joerhonnert ukomm. Elektresch an digital.

 Den Design:              Op ze vill Retro gouf bewosst verzicht. Munches vum Konzept Auto konnt net fir d’Serie zeréck behale ginn. Mee d’Proportioune mat de kuerzen Iwwerhäng vun der Karosserie stëmmen. Och di typesch Bulli zweefaarweg Lackéierung mam VW Logo ass gelongen. Dat selwecht Faarwespill an där Kombinatioun gëtt et dann och bannenan op Sëtzer an Armaturebried.

De funktionelle Cockpit ass dat bekannt Muster wat mir aus deenen aneren E-Modeller vu Wolfsbuerg kennen.

E klengen Ecran just vrun sech, an dee méi grousse fir Navi an Entertainment an der Mëtt.

Ganz weit ewech ass d’Sëtzpositioun vun der viischter Glace. Wëll et jo quasi keng Motor Hauf méi gëtt, musse Klimatechnik, Steierung, an Head Up Disply + Augmented Reality Technik do ënnerdach kommen.

Aarmlehne fir Chauffer a Bäifuerer ginn et, vill Oflagen, a schonn no e puer Kilometer mierkt een trotz der Gréisst ass esou en ID Buzz ganz maniabel. Et sëtzt een héich an d’Vue ronderëm een ass top.

Wien an der zweeter Rei Plaz hëlt ass do gutt opgehuewen, mee fir esou e modernen Auto hätt e sech awer méi Variabilitéit kennte virstellen.

Vläicht kennt dat jo 2023 mat der XL Versioun wou dann och eng 4 X 4 Traktioun méiglech ass.

Am Moment huet den ID Buzz eng traction arrière.

An da komme mir op Emwëlt an eng CO 2 neutral Ausliwwerung ze schwetzen?

Dass wir im Interieur komplett auf Tierleder verzichten und auch auf recyceltes Plastik setzen auf Sitze und Bodenbeläge. Aus Pet Flaschen und Plastik aus dem Meer.

Smart Technik fir ze lueden ass och u Bord. Fir gläich e puer Handyen, awer och Plug&Charge fir bidirektionelt Lueden.

RTL
RTL

Op der Strooss:               De Bulli anno 2022 huet eng 77kw/h Batterie u Bord, an déi erlaabt jee no Fuerstil a Baussen Temperatur gutt 400km. Realistesch wéi mir konnte feststellen. Den dacks gefuerderten Tempolimitt kennt bei E-Autoe quasi vum selwen. Beim ID Buzz ass bei 145 Schluss. Mee bei Acceleratioun a Fuerverhale gëtt et näischt ze meckeren. Dat gëllt och fir de Cargo Buzz dee mir och gefuer sinn, an 2 Euro Palette packt.

Verbrauch, kaum ënner 20kw, dobäi ass een dach esou houfreg op en 0,28 CW Wäert.

Am Resumé:              Et muss e kee Prophéit sinn, den ID BUZZ wäert säi Match maachen.

Mat e bëssche Retro, ganz vill Charme, a virausgesat déi 57 825 Euro mindestens si keng finanziell Hürd.

RTL