Eis Automag Ekipp beschäftegt sech haut mam klengsten SUV vu Jaguar. Ob den E-Pace als Plug-In Hybrid nëmmen Spuerprogramm oder e klenge Bijou ass, weess den Akim Schmit.

Den E-Pace dee mer haut am Test hunn ass keen neie Modell, mee nëmmen e Facelift. An do muss ee schonn ganz genee kucken fir d’Ënnerscheeder ze gesinn. Liicht Retouchen un der Calander an nei LED-Pharen: méi war net néideg fir de Bestseller fir déi nächst Joren opzefrëschen.

Bannendran huet sech den E-Pace vum F-Type inspiréiert, wat awer kee Feeler ass. D’Finitioune si gutt an alles peekt sech un ewéi een et vun engem Premium-Hiersteller wéi Jaguar erwaart. Allerdéngs schéngt eisen Testauto e Méindes-Modell gewiescht ze sinn: an de Kéieren huet de Plastik sech aus den Déifte vum Sëtz gemellt… an et soll jo Leit ginn, déi esou eppes wansinneg mécht.

Dass ee beim klengsten SUV aus der Gamme kee Raumwonner erwaarden dierf, ass kloer. Trotzdeem ass déi zweet Rei éischter klenge Passagéier virbehalen. D’Mall ass trotz der Batterie vum Plug-In Hybrid d’selwecht grouss wéi bei den Verbrenner-Versiounen.

RTL

© Akim Schmit

Navi an Infotainment

 Wéi beim F-Pace kënnt och am E-Pace den neisten Infotainment-System zum Asaz. Pivi Pro heescht de System dee sech iwwert en 11,4 Zoll groussen Ecran steiere léisst. Dobäi fält virun allem déi kloer Menüstruktur an d’Vitesse vum System positiv op. Manner gefall huet mer dass den Ecran blénkeg ass, an een net méi vill erkennt wann d’Sonn drop schéngt.

Den Undriff

Eisen Testauto war den 309 Päerd staarken Plug-In Hybrid bei deem Jaguar op e Mix aus 1,5 Liter Turbobensinner (200 PS) an 80 kW Elektromotor un der hënneschter Achs setzt. Esou huet de Chauffeur de Choix ob e spuersam oder sportlech vun A op B ënnerwee ass. Reng elektresch läit d’Reechwäit bei ronn 50 Kilometer. Oder et këddelt et léisst een d’Kaz vun der Léngt: 6,5 Sekonnen verginn aus dem Stand op Tempo 100. 540 Nm an Allrad-Undriff drécken een an de Sëtz an bréngen d’Kraaft op d‘Strooss. D’Schalten hëlt iwwerdeems eng 8-Gang-Automatik vun ZF dem Chauffeur of.

Op der Strooss

Dass de klengsten Jaguar SUV mat 2,2 Tonnen en éischter suboptimalen BMI huet, kritt een hannert dem Steierrad net mat. D’Fuerwierk ass sportlech straff ofgestëmmt, wourun och déi 20 Zoll Rieder hiren Deel dozou bäidroen. Ech fir mäin Deel hunn hunn et éischter gemittlech rulle gelooss an duerch d’Recuperatioun deen een oder aneren Kilometer elektresch Reechwäit generéiert. Ganz ëm d’Lueden un der Steckdous kënnt een awer net wann ee spuersam ënnerwee si wëll. 1,6 Liter op 100 Kilometer gëtt Jaguar als Verbrauch op 100 Kilometer un. Och mat vill Disziplin dierft dëst schwéier ginn. Mäin Testverbrauch louch bei 5,6 Liter, allerdéngs am déckste Summer.

Mee egal wéi een et dréint: den Jaguar E-Pace ass als Plug-In Hybrid net wierklech en Auto fir ze spueren. Dat fänkt scho beim Präis un: lass geet et bei 58.300 Euro. Eise gutt equipéierten Testauto steet mat 68.700 Euro an der Präislëscht.

+ zäitlosen Design

+ Stroosselag

+ Harmonie vu Verbrenner an E-Maschinn

- Gekréckels vum Plastik

- Plaz an der zweeter Reih

- relativ héije Verbrauch