De kompakten SUV Renault Kadjar dankt of, a seng Plaz trëtt elo den Austral an anengems eng “nouvelle vague” - wat déi alles mat sech bréngt, dat seet eis de Paul Origer:

27/10/2022 Automag: Renault Austral

Eng “nouvelle vague” dat héiert sech awer no méi wéi just engem neie Modell un?

Domat läis de och net falsch. Schliisslech geet et hei schonn emol ëm dat ganz wichtegt Segment C, d'Kompaktklass wou de Choix u Marken a Modeller enorm grouss ass. Mam Arkana huet Renault schonn emol gutt Fouss gefaasst, elo soll den Austral déi Offensiv viruféieren. Den éischte Schratt war dofir schonn emol een neien Numm dee fir déi onlimitéiert Méiglechkeete stoe soll.

Deen zweete Schratt war bestëmmt den Design?

Ganz kloer; den Austral follegt stylistesch dem Mégane E-Tech electric – deen ech iwweregens ganz gutt gelonge fannen – huet awer vum Virgänger nach e puer Elementer behalen, wéi z.B. déi muskulös Flanken. Insgesamt gesäit en athletesch an héichwäerteg aus – net onwichteg an engem Segment wou d’Konkurrenz grouss ass. Bannendran hate se och déi richteg Hand; den Tableau ass quasi identesch mat deem vum Mégane an och dselwecht uspriechend an héichwäerteg geroden. Besonnesch an der neier Equipementslinn “Esprit Alpine” mat spezielle Faarwen, Bitzereine, Logoen, Felgen asw. E grousse Luew gëtt et fir de gestache schaarfen Headup-Display, a Bedéngen ass mam immens opgeraumte Banneraum eigentlech och kee Problem, just déi vill Hiewelen um Steier irritéieren e bëssen.

D’Basis ass jo eng ganz nei, bréngt déi och dem Banneraum eppes?

Jo, d’Plattform ass nei a gëtt mam Nissan Qashqai gedeelt - et sëtzt een tatsächlech och op alle Plaze gutt, just hannen ass et fir d’Knéien an der Rei mee elo och net op First-Class-Niveau. Déi bescht Plaz gëtt et awer fir de Chauffer; d’Sëtzer si straff a gutt konturéiert, déi nei Mëttelkonsol mat Handoplag wierklech bequem. D’Fro nom prakteschen Deel ass och séier gekläert; minimum 430 Liter Mall ginn et beim Full Hybrid, verzicht een dorop an huet een déi verréckelbar Réckbänk, da si 555 bis 1525 Liter méiglech.

Du schwätz vu Full Hybrid – domat wiere mer bei de Motoren?

Jo, an do war ech e bëssen iwwerrascht - wëll den Austral gëtt et elo mol nach net am vollelektreschen, obwuel op eisen Testversiounen ee groussen E gepecht huet. Dee steet fir d’Vollhybrid-Motorisatioun déi mer exklusiv fueren duerften. Hei kombinéiert Renault e fonkelneien 3-Zylinder-Turbo mat Elektro-Hëllef: 200 Päerd leescht den E-Tech Full Hybrid – genuch fir am Alldag gemittlech a virun allem confortabel ze reesen. Ugefuer gëtt ëmmer elektresch an de Bensinner schalt relativ diskret derbäi esoubal e gebraucht gëtt. Recuperatioun ass och mat u Bord, schount natierlech Bremsen a Verbrauch esou dat eng 5 virum Komma kee Problem dierft sinn. E strafft Fuerwierk a virun allem déi handlech 4-Control Allradsteierung motivéieren awer och emol zu méi dynamescher Fuerweis - déi dem Austral als Fullhybrid awer net läit. D’Reaktioun op Vollgas ass nämlech zimmlech lues an d’Gangwiessel gi ruppeg – e bësse schued wëll d’Stroosselaach hu se gutt hikritt, d’Steierung ass och kommunikativ genuch an, wéi gesot, d’Allradsteierung dréit hiren Deel zum Fuerspaass bäi. Mee net nëmmen hei, e Wendekrees vun 10,1 Meter maachen all Manöver mam Austral zu engem Kannerspill.

Déi interessant Technik grad wéi anerer wäerten awer hire Präis hunn?

Et geet relativ sozial bei 30.800 Euro fir de klenge mildhybrid lass, eis Testautoe loungen als Vollhybrid bei nach ëmmer fairen 42.800 Euro.