Mat Terrano, Pathfinder a Patrol war Nissan schonn ëmmer am Offroad-Beräich aktiv – 2001 gouf dunn mam éischten X-Trail op den SUV-Zuch opgesprong. Elo huet Nissan a Slowenien déi fonkelnei 4. Generatioun virgestallt an de Paul Origer war fir eis derbäi:

07/11/2022 Automag: Nissan X-Trail

Paul, SUV ginn et jo en masse a quasi all Mark huet op d’mannst een an der Gamm – wat mécht déi neist Generatioun dann esou besonnesch?

Den X-Trail war effektiv ee vun deenen éischten a sénger Klass a bleiwt och elo an der 4. Generatioun sénge Grond-Charakteristiken trei. Dat wier engersäits deen typeschen “rough & tough” Offroad-Look, deen an dëser Klass éischter raren Allradundriw an de geraimege Banneraum. Schliesslech goufen zenter iwwer 20 Joer schon 3 Milliounen X-Trail weltwäit verkaf, also muss dat Konzept gutt ukommen. D’Nummer 4 ass elo deen eenzegen elektrifizéierte 7-Sëtzer a séngem Segment, heescht an dëser Gréisst a Präisklass. Dat versicht Nissan natierlech och optesch uspriechend ze verpaken; den Design ass zimlech vertikal, déi grouss Radkëschten, déi relativ bulleg Front an déi héich Taille signaliséieren: deen heiten Auto kann iwwerall fueren. Bannenan gouf op Kalitéit a Léiwt fir den Detail gesat, wéi üblech ginn et hei zwee grouss 12-Zoll-Schiermer, een Headup-Display an, zum Gléck nach, klassesch Knäpp fir Klima a Co.

E 7-Sëtzer mat relativ kompakte Moossen, ass dat méiglech?

U sech ass den X-Trail, besonnesch mat e puer Zentimeter méi an der Héicht an an der Breet, e geraimegen a lëftege 5-Sëtzer, wat ech och bestätege kann - déi 2 Plazen an der drëtter Rei sinn awer éischter fir den Noutfall an och fir Leit déi net méi grouss wéi 1m60 sinn. Soss dominéieren déi praktesch Atouten; eng verréckelbar Réckbänk, Dieren déi wäit opginn, vill Stauraum – am Fong alles wat soss ee Minivan matbruecht huet, inklusiv eng grouss Mall vun 575 Liter.

Elektrifizéiert – awer net reng elektresch?

Nee, dat schonn emol direkt; Nissan proposéiert den X-Trail mat 3 Motorisatiounen; als Mildhybrid an, esou wéi mir en am Test haten, an der e-Power-Versioun als 2- oder 4-Rad. Nissan gesäit nämlech déi Ausféierung esouzesoen als Iwwergang zum vollelektreschen Undriw. En Elektromotor dreiwt ëmmer ganz aleng d’Rieder un, je no Ausféierung och als e-4orce mat engem zweete Motor un der hënneschter Achs an Allradundriw. Séng Energie kritt enaus de Batterien aus dem Autosbuedem, awer och vun engem Generator, dee séngersäits vun engem 3-Zylinder-Turbo mat variabeler Kompressioun ugedriwwe gëtt. E bëssen änlech wéi schonn 2012 deen éischten Opel Ampera. De Virdeel vun deem System ass natierlech déi enorm Lafrou an dat “smooth’t” Fueren, spréch keng Gangwiessel a kee Gerucks, den Undriw sprécht och ëmmer viif un. Reng elektresch geet och relativ dacks, meeschtens leeft de Bensinner awer diskret mat. Sportlech fueren wier dank dem gutt ofgestëmmte Fuerwierk an dem Torque Vectoring esouguer och méiglech, d’Gewiicht vu gutt 1800 Kilo bréngt awer de Motor onnéideg op Touren an déi 213 PS vun der Topversioun séier un d’Grenzen. Relax cruisen a laang Strecken leien dem X-Trail dofir éischter. Obwuel, Offroad kann en och, wéi mer op engem spezielle Circuit erausfannen duerften.

Also schonn een ausgewuessenen Auto mat vill Notzwäert - wéi läit deen neien X-Trail da präislech?

Do geet et bei ronn 42.000 Euro fir de mildhybrid lass, eis Allrad-Topversioun kënnt op 53.500. Ob een elo beim Verbrauch spuere kann? Dat wäert en Alldagstest weisen, tëscht 6 an 9 Liter lounge mer op jidde Fall bei der Presentatioun.