Haut komme mir iech am Automag mat engem ganz staarken Elelektro gefuer. Et ass mam BMW iX M60 e Power SUV. Op de Spagat geléngt, dat huet de Christian Schmit erausfont, wëll deen hat d'Chance en ze probéieren. Salut Christian

05/12/2022 Automag: BMW iX M60

Salut,Jo et war schonn eppes Besonnesches dee bayresche Gigant ze beweegen. Gigantesch op der ganzer Linn. 4m 95 laang, 1m 96 breet steet e vrun engem, an als Top Versioun eben den M60 da mat 619 PS an 1100 Newonmeter Dréimoment an eng ganz leeschtungs staark Batterie vun 105 kw.

RTL

Do muss e sech jo wuel net iwwer d'Fuerleschtunge beschwéieren?

Ganz a guer net. Wann een elo wees dass de BMW iX M60 a knaps 4 Sekonnen op 100 ass an dat bei bal 2,6 Tonne Gewicht, an eben déi 1100 Newtonmeter Dréimoment, dat ass schonn impressionant. An d'Kraft kënnt lineär op de Makadam, a mat der X drive Traktioun och permanent. An eréischt bei 250 km/h ass Schluss.

Wien awer ze dacks am héije Vitesse Beräich ënnerwee ass, riskéiert Punkten, a gesäit d'Autonomie falen wéi d'Nole vum Dämmebeemchen an der Stuff Mëtt Januar.

Maja Autonomie, wéi wäit kommen ech da mat him?

Also ech hunn et ausprobéiert. Op engem Ausflug op Köln. Mat esou enger "Grande routière" dierft dat jo kee Problem sinn. Eng 500km ginn um Depart op der Musel zu Réimech affichéiert. 235km rechent de Bordcomputer aus bis mir virum Doum stéingen.

No 2 Stonnen ass deem och esou, awr di fräi Autobunn Passagen an Däitschland um Samschdegmoien hunn e Verbrauch vun iwwer 24 Kw mat sech bruecht. 190km Autonomie bleiwe nach just, trotz Rekuperatioun beim Bremsen.

Also maache mir eis op d'Sich no Elektro Bornen. Därer si wuel ganz vill zu Colonia. Mee deelweis esou enk dass eist Münchener Flagschëff dofir ze grouss ass. Oder besat, haptsächlech mat Plug-In Hybrid Gefierer déi esou eng kamout Parkplaz fannen.

RTL
RTL

 

An esou verbrénge mir 1 1/2 Stonn bis mir dierfe lueden nodeems mir mat vill Gedold eng App vum Provider erofgelueden haten. Wëll eng séier Lued Statioun di vu BMW mat geliwwert Charging Kart partout net liese wollt.

Do bleift also nach muneches ze verbesseren. Zeréck zum Auto, wéi confortabel reest et sech dann am BMW iX M60?

Ganz souverän. Loft Fiederung, 4 Rad Traktioun an di "mitlenkende Hinterachse" wéi di Däitsch dat nennen, suerge fir e ganzt agreabelt Fuer Gefill. Eng Symbiose tëscht Agilitéit a Confort. De riesege BMW léisst sech nawell spilles dirigéieren a manovréieren.

Kloer di 2,6 Tonne loosse sech nawell net cachéieren, mee dat mierkt e just bei méi héijer Vitesse an de Kéieren. An de bequeeme Sesselen, déi sech hëtzen a kille loossen, ass e beschtens opgehuewe fir op d'Rees. Jo esou guer do wou d'Äerm opleie gëtt mat gehëtzt. 

Di Holzverkleedung an der Mëttelconsole soll wuel e Stéck Nostalgie am soss dach sterilen Interieur erëm spigelen.  

A punkto Info an Entertainment gëtt alles gebuede wat up to date ass. Mee et brauch een Zäit fir sech zurecht ze fannen an der Welt vu Scrollen an Touchen.

 

A wat kascht dann dee groussen Elektro Luxus Liner?

Do bleift BMW sech trei, an och bei E-Autoen ginn et ganz laang Optiouns Lëschten.

An eisem Fall stounge fir de BMW iX M60 um Enn 138 500 Euro an der Präis Lëscht.

Fir e BMW deen de Spagat wot mat Mega Power a Mega Batterie, an esou dat Bescht aus 3 BMW Welte bitt.

Mat Freed um Fuere ganz gewëss, mee gesäit esou e Klima Retter Gefier aus, dat hunn ech mech scho gefrot?

RTL

Eng Fro ob déi dir vläicht eng Äentwert fannt wann dir d'Fotoe vum BMW iX M 60 kuckt.Bei eis op www.rtl.lu