An den Automag News vun haut: de Comeback vum Wankelmotor bei Mazda, Schweden sträicht d’Subventioune vun Elektroautoen a Ford d’Produktioun vum Fiesta. An: de séiersten Elektroauto kënnt aus Kroatien. Den Detail mam Akim Schmit.

01/12/2022 AUTOMAG News

Laang gouf hannert de Kulissen driwwer spekuléiert, mee elo gouf en ugekënnegt, de Comeback vum Wankelmotor bei Mazda. Dës kéier net als Undriff, mee an neier Missioun als Range-Extender, deen de Stroum fir de reng elektreschen Undriff produzéiert. Dës Technik erlaabt et, de Confort vum Elektroauto mat der Reechwäit vum Verbrenner ënnert een Hutt ze bréngen. Dass d’Japaner de Wankelmotor zu neiem Liewen erwächen kënnt net vun ongeféier. 1961 huet bei Mazda d’Entwécklung vum Wankelmotor ugefaangen, am RX-7 an RX-8 huet den Undriff bei de Frënn vun der japanescher Mark Kultstatus erreecht, bis 2012 de leschte Wankelmotor vum Band gelaf ass. Den héije Verbrauch an déi ze héich Emissiounen waren d’Ursaach. Gutt 10 Joer méi spéit wieren déi Problemer geléist heescht et. Grad duerch seng Laafrou, wier de Konzept besonnesch fir den Asaz als Range-Extender gëeegent. An apropos Range-Extender: dee wier net vu Muttwëll. D’Reechwäit vum aktuell nach reng elektresch ugedriwwenen MX-30 läit an der Praxis bei gutt 200 Kilometer. Den MX-30 R-EV feiert am Januar um Bréisseler Autossalon seng Weltpremière.

*

Skandinavien gëllt als Mekka vun der Elektromobilitéit. Besonnesch generéis Subventiounen hunn dem Elektroauto zu engem Erfolleg verhollef, vun deem een an eise Géigende laang nëmmen dreeme konnt. Abee, mat dëse Subventiounen kéint et a Schweden elo eriwwer sinn. Wéi d’Regierung zu Stockholm erklärt huet, géif de sougenannte „Klimabonus“ kee Sënn méi erginn. Méi wéi d’haschend vun de verkaaften Autoen a Schweden erfëllen d’Critèren fir eng Subventioun ze kréien. Doriwwer eraus wieren déi alternativ Undriwwer an der tëscht an alle Präisklassen ze kréien an d’Uschafungs- a Fuerkäschten léichen um Niveau vum Verbrenner. Ob Schweden och mat dëser Decisioun eng Virreider-Roll iwwerhëllt bleift ofzewaarden. Mir erënneren eis drun: de Verbuet vum Verbrenner huet d’EU-Kommissioun schonn decidéiert.

 *

Eriwwer ass et geschwënn och fir de Ford Fiesta. Als Ursaach nennt den Hiersteller de Wonsch sech verstäerkt op de Bau vun Elektroautoen ze konzentréieren. Bis Enn Juni 23 gëtt de Fiesta nach gebaut, dann ass no 47 Joer Schluss mat der Baurei. Zanter senger Première 1976 goufe ronn 18,2 Milliounen Exemplaire gebaut. Niert dem Stammwierk zu Köln ass de Fiesta als Weltauto och an England (Dagenham), Spuenien (Valencia), Mexiko, Argentinien, Brasilien, Südafrika, China an Indien vum Band gerullt. Manner Iwwerraschend kënnt d’Ukënnegung dass och fir Galaxy an S-Max d’Deeg gezielt sinn. A ganz Europa goufen zejoert nëmmen nach 12.000 Exemplaire vu béide Baureien verkaaft.

 *

Net nëmmen immens deier, mee och immens séier: de Rimac Nevera huet den Tempo-Weltrekord fir elektresch ugedriwwe Gefierer opgestallt. Mat 412 km/h huet den Nevera den ale Rekord vum Tesla Model S Plaid praktesch a Loft opgeléist. Dëse louch virdrun bei 269 km/h. Den neie Rekord gouf um ATP Automobil-Prüfgelände zu Papenburg an Däitschland opgestallt. Déi 4 Elektromotoren – een un all Rad – leeschten zesummen 1.408 kW (1.914 PS) a liwweren 2.360 Nm Dréimoment. Wéi et vum kroatesche Constructeur heescht, hätten d’Pneuen an d’Boîte d’Vitesse limitéiert. D’Chancen vun engem Rimac Nevera iwwerholl ze ginn, sinn allerdéngs geréng: de Präis läit bei iwwer 2 Milliounen Euro. A ganz esou séier ass de Serie-Modell dann awer net: den Topspeed ass op 352 km/h limitéiert.