Als Coupé kenne mer de Skoda Enyaq RS iV schonn. Elo steet déi méi prakesch Kombi-Versioun vum Enyaq iV als RS an de Startlächer. En éischten Androck vum Familje-Sportler konnt sech den Akim Schmit aus der Automag Ekipp maachen.

05012022 AUTOMAG Skoda Enyaq iV RS OK

De Skoda Enyaq iV ass beléift: ronn 170.000 Exemplairen huet den Hiersteller scho verkaaft. Domat läit den Enyaq iV ënnert den Top 5 vun den Elektroauto-Umeldungen an Europa. Mam Enyaq iV RS wëll den tschecheschen Hiersteller säi Martundeel virun ausbauen. Ob Coupé oder Familje-Versioun ass eng „affaire du goût“. Well bis op d’Karosserieform gëtt et keen Ënnerscheed. Technesch si se allenzwee identesch.

Den Intérieur

Bannendran mecht Skoda alles richteg. Den Intérieur fillt sech héichwäerteg un: vill Alcantara, propper verschafften Kontrastnéit, deen een oder aneren RS-Logo a Sportsëtzer mam néidege Säitenhalt. Fäerdeg ass den RS-Intérieur. D’Ergonomie ass gutt, an et fënnt een alles do, wou een et sicht. Positiv ass mer de Mix aus richtege Knäppercher um Steierrad an de Funktiounen, déi iwwert den Touchscreen gesteiert ginn, opgefall. Eenzeg den Display deen dem Chauffer d’Instrumenter uweist kéint en Tick méi grouss sinn. Besonneg an dësem Punkt gëtt een drun erënnert, dass sech Skoda, VW a Cupra déi selwecht Plattform deelen.

Op der Strooss

D’Plattform deelen, heescht och sech den Undriff ze deelen. Ëmsou méi bei Zwee-Eeegen Zwillingen wéi dem Enyaq Coupé an dësem – nenne mer e Kombi. 220 kW, respektiv 299 PS a 460 Nm stiechen ënnert dem Blech. Domat ass den Enyaq de stäerkste Skoda, dee bis elo gebaut gouf. Mee huet sech den Enyaq an dëser Konfiguratioun den RS-Label verdingt? Abee, ech di mech domat schwéier. Säi Gewiicht vun iwwer zwou Tonnen schwätzt dogéint. An och e Sprint a 6,5 Sekonnen op Tempo 100 ass zwar gutt, mee net aussergewéinlech.

Dobäi kënnt, dass d’Ofstëmmung vum Fuerwierk confortabel, ma net wierklech sportlech ass. An esou hat ech op geschwongene Landstroossen éischter d’Tendenz mäi Fouss vum Gas ze hiewen, ewéi mech un d’Grenze vun der Physik erun ze taaschten. Zwar bitt och den Enayq iV RS verschidde Fuerprogrammer, mee en Ënnerscheed ass net ze spieren.

Mee vlaicht huet och d‘Clientèle mat der Zäit changéiert. An d’Mall passen 585 Liter eran, am Euro-NCAP Test huet den Enyaq 5 vu 5 Stäre kritt an de Risiko fir mat enger eideler Batterie op der Pannespuer stoen ze bleiwen ass mat enger Reechwäit vu bis zu 494 km minimal. Am Praxistest louch mäi Verbrauch bei knapp ënner 20 kWh/100 km, woumat d’Reechwäit vun der 77 kWh Batterie am Alldag bei knapp 400 Kilometer läit. Mat der "Plug and Charge" Funktioun brauch ee fir ze lueden net emol méi seng Kaart aus dem Portemonnie ze sichen. 


+ Vill Plaz

+ Finitioun

+ Confort

- Keen RS-Fuergefill

- Winzeg Instrumenter

- Fuerprogrammer ouni Notzen