
Mazda baut seng SUV-Gamme weider aus. Den neien CX-60 ass net just de gréisste, mee och de stäerkste Mazda deen ee kafe kann. Den Akim Schmit aus der Automag Ekipp huet d’Detailer.
Nieft dem CX-30 an dem CX-5 hunn d’Japaner elo also den CX-60 am Portfolio. An deen läit mat senge 4,75m tëscht BMW X3 an X5. De Verglaich ass net zoufälleg gewielt: mam CX-60 wëll Mazda zum Premium-Hiersteller ginn a sech géint d’Konkurrenz vu München, Stuttgart an Ingolstadt behaapten.
Den Design
Den CX-60 huet seng Plaz an der Gamme fonnt. Den Design orientéiert sech staark um CX-5: den typesche Markegrill, déi schmuel hënnescht Luuchten, déi geschwonge Linnen am Blech: e Statement gesäit anescht aus, mee den CX-60 weess ze gefalen. An dat och bannendran, wou d’Japaner eng glécklech Hand bewisen hunn. Opgeraumt, hell an harmonesch geet et zou. Hellt Bierkenholz, beige Lieder an helle Stoff um Tableau de Bord hu fir eng Zen-Ambiance gesuergt an där ee sech wuelfillt.
Dat nerft
Mee net alles ass perfekt. Am Alldag huet mech gestéiert dass Mazda keen Touchscreen verbaut huet. Den Infotainment gëtt dowéinst ëmständlech iwwert en Dréi-Dréck-Schalter an der Mëttelkonsol gesteiert. Spéitstens wann een iwwert de Carplay-Interface navigéiere wëll gëtt et schwéierfälleg a komplizéiert. An och déi automatesch Erkennung vum Chauffer, déi d’Sëtzpositioun an d'Steierrad individuell astelle soll, huet nëmmen all zweet Kéier funktionéiert. U sech eng gutt Iddi, mee schlecht ëmgesat.

Den Undriff
Mam CX-60 feiert Mazda gläichzäiteg d’Premiere vum éischten eegene Plugin-Hybrid. En 2,5 Liter 4-Zylinder (191 PS) an en 129 kW Elektromotor liwweren als „e-Skyactiv PHEV“ eng Systemleeschtung vun 327 PS (241 kW), Allrad-Undriff ass Serie. An der Theorie gi 5,8 Sekonnen bis Tempo 100 duer, reng elektresch sinn 140 km/h méiglech. Eisem Testauto misst een allerdéngs fléiwen: beim Kickdown huet d’Boîte sech Zäit gelooss ier d’Leeschtung un de Rieder ukomm ass, an och de Motor huet net sportlech mee ugestrengt geklonge. Dat kënnen anerer besser.
Als Plugin-Hybrid huet den CX-60 eng 17,8 kWh Batterie u Bord. Déi soll no WLTP-Norm fir 63 Kilometer elektresch Reechwäit duergoen. An der Praxis, bei Temperaturen ëm de Gefréierpunkt, war d’Energie schonn no knapp 40 Kilometer opgebraucht. A spéitstens dann, kritt den CX-60 Duuscht: ronn 8,5 Liter zitt de Verbrenner ouni elektresch Ënnerstëtzung op 100 Kilometer.
Op der Strooss
Leeschtung a Confort spillen am Premium-Segment eng wichteg Roll. A genee beim Confort muss den CX-60 Plomme loossen well d'Fuerwierk et net fäerdeg bréngt fir Knubbelen, Rillen a Lächer glat ze biggelen. Mazda no louch de Fokus op der Fuerdynamik. Wou de Fokus vun de Keefer läit, wäert sech nach weisen. De Mazda CX-60 Plug-in Hybrid steet mat 49.200 Euro an der Präislëscht.
+ Finitioun
+ Design
+ analog Commanden
- Fuerwierk ze haart
- Automatikboîte zéi
- Relativ héije Verbrauch