
Haut am Automag e ganz beléiften SUV mat Stär um Küler. De Mercedes GLC, deen elo nei am Showroom steet. Bei deem gëtt elo nëmme nach op Hybrid Technik gesat, an de Christian Schmit war mat dësem ënnerwee.
(CUT 1)Réckbléck an d’Joer 2008. Mercedes lancéiert de GLK an ass zanterhier an deem beléiften SUV Segment vertrueden. 2015 dunn di éischt GLC Generatioun, mat an tëscht wäit iwwer 1 Millioun verkaaften Exemplairen.
Aus dem eckege GLK ass mat de Joren en duerch gestylte Premium SUV ginn. Net fir näischt de beléifste Mercedes Modell um internationale Marché. An elo dann e neie GLC.
Speaker: Wat huet dann iwwerhaapt changéiert?
(CUT 2) Also do kënne mir emol gläich déi berouegen déi de Virgänger Modell fueren. Baussen huet sech do net all ze vill gedoen. Wuel gëtt et Karosserie Retuschen, an och d’Luuchten an hir Grafik hu changéiert, mee op techneschem Plang an am Interieur do sinn et radikal Verännerungen.


De GLC baséiert jo op der aktueller C-Klass an esou ass et och elo deen Interieur. Do fält natierlech d’Mëttel Konsole op mam Zentral Display, a Form vum iwwerdimensionalen I-Pad. Dat wierkt alles méi modern wéi beispillsweis bei de Konkurrenz Modeller vu München oder Ingolstadt.
Chic chic, an d’Veraarbechtung ass och op héijem Niveau. Just do wou d’Hänn manner oft higräifen, do ass de Plastik dann och erëm haart. Iwwer Plaz muss och kee sech beschwéieren, op vir oder hannen. Mam grousse Glas Daach wierkt dat ganzt da nach méi lëfteg. An och d’Mall léisst 620 Liter zou.


D’Sëtzpositioun ass gewinnt héich, a ganz vill elektronesch Heinzelmännecher suerge fir di optimal Positioun a verwinne mat Confort. Dat gëllt och fir vill aner Luxus Featuren déi mir aus E, jo esuguer S-Klass kennen.
Esou kann en op d’Rees goen, an dat hu mir dann och gemaach. Fir de Joreswiessel ware mir mam GLC op d’belsch Küst. Gutt isoléierten Interieur, bequeem Sëtzer, Loftfiederung an eng Burmester Soundanlag. Jee am Nu ware mir do uewen. Just bei der Qualitéit vum Lieder ass nach Loft no uewen.
Speaker: Wat gouf dann ënnert der Hauf gebueden?
(CUT 3)Wéi schonn ugangs gesot, Mercedes sëtzt beim GLC anno 2023 nëmmen nach op Hybrid. An zwar därer mat an ouni Kabel.
Mir haten den 2 Liter 4 Zylinder mat 258 PS + 23 PS E Power. Mam 48 Volt Starter Generator ass et e sougenannte Mild Hybrid, an esou sinn och e puer Meter am Schrëtt Tempo reng elektresch dran. Mee wien och d’Gas Pedall nëmmen heemelt, schalt de Bensinner sech scho bäi.
De Sound vum Moteur kléngt no Diesel a konnt mech net iwwerzeegen. Mee duerfir ass den Dezibelpegel ganz moderat, an dat gëllt och fir d’Wand Geräischer.


D’Fuerverhalen ass ganz souverän dat mam elektresch gereegelten Allrad Fuerwierk an eng perfekt Harmonie mat den Assistenzsystemer.
Déi denke mat, an erkenne scho wäit am Viraus wat am nächste Kreesverkéier vrun engem ass, oder am Agang vum Duerf erwaart.
A punkto Verbrauch ginn et keng bonne Noten. D‘7 virum Koma ass nëmme ganz schwéier ze realiséieren, an och konstant Autobunns Passagen mat em déi 120 (wéinst dem Radar) affichéieren no bäi 9 Liter Super.
Speaker: Wéi schléit sech den SUV Benz dann esou am Kapitel Präis?
(CUT 4)Jo de Stär um Küler huet wéi ëmmer säi Präis. Eisen Testauto, de GLC 300 4Matic koum an där vun eis gefuerener Versioun mat villen Optiounen op iwwer 82 000 Euro. Et muss e fairerweis awer och soen dass Villes de série u Bord ass.
Eier de Configurateur gestart gëtt sinn et knapps 70 000 Euro.
De GLC wäert awer trotzdeem säi Wee och an der 3. Generatioun maachen. Dat wëll Plaz, Confort, 4X 4 Eegenschaften an Technik harmonéieren.
Reng elektresch gëtt et en iwwregens net. Plus oder Minus? Bon dat muss jidderee fir sech entscheeden.


Fotoe fannt dir elo an eiser Galerie. Op www.rtl.lu do gesi mir dann de Mercedes GLC 300 4Matic am Alldag.