
Kommende Méinden geet et nees lass: zu Lëtzebuerg ass bis de 4.Februar Autofestival. Wéi ëmmer gëtt et dozou eisen Online-Special op RTL.lu, de Paul Origer aus der Automag-Equipe kann eis dozou méi soen:
Paul, ech huelen un, fir eise Festivalsdossier hues de dech un dee bewäerte Modus gehalen?
Genee, et gëtt nees ee klengen Online-Guide op eisen Internetsäiten; hei gëtt de Besicher kuerz a knackeg gewuer wat vum leschte Festival un bei deene respektive Marken alles virgestallt gouf. Dozou natierlech och d’Info ob deen Auto wärend dem Festival iwwerhaapt am Showroom ausgestallt gëtt, esouwéi Fotoen a Links fir d’Präisser, Tester oder den offizielle Site vun der Mark.
Et ass jo ëmmer eng gréisser Recherche néideg fir un dës Informatiounen ze kommen, wéi war et dann dëst Joer verlaf?
Do géing ech soen; déi selwecht Prozedur wéi all Joers: de Festival fënnt ëmmer direkt nom Bréisseler Salon statt, a grad virun oder wärend dëser Zäit ass entweder jiddereen am Congé oder extrem mam grousse Salon an der Belsch beschäftegt. Mee et ass wéi all Joers och erëm opgaang, déi eng oder aner interessant Informatioun konnte mer erwëschen.
Ass der beim Schreiwen dann eng generell Tendenz opgefall, iergendee Phänomen, deen et zum Beispill lescht Joer net gouf?
Ech muss soen dat et allgemeng méi roueg ass wéi déi Joëre virdrun. Vill Marke hu fir de Festival keng oder wéineg nei Autoen ze weisen, wëll se vläit engersäits e bësse mat der Entwécklungsaarbecht hannendran hänken, schlecht Zäite sinn oder awer e groussen Ëmbroch bevirsteet. A ganz bestëmmt spillt och déi allgemeng Onsécherheet mat. D’Constructeuren presentéiere virun hir éischt Modeller mat rengem Elektroundriw; do si mat Abarth, Toyota, Jeep, Subaru, Lotus a Maserati nees nei Marken derbäi koum. Et gëtt sech awer och nach ëmmer weider mam Verbrenner beschäftegt an déi eng oder aner Ausnam fir de richtegen Autofan gewisen.
Géifs de da soen dat et een interessante Festival gëtt?
Wann een esou duerch eisen Dossier geet, da kann een dat jo scho virtuell e bëssen austesten; wéi scho gesot: bei deenen engen oder anere Marken ass ee vläit séier derduerch. De Festival ass awer, wéi fir mech all Joers, och 2023 nees interessant. Zum Beispill Abarth, déi hiren éischten Elektro-500er presentéieren, BMW, déi fir dës Editioun hir M-Modeller nees an de Vierdergrond stellen a mam 3.0 CSL e richtegen Highlight weisen. Awer och ganz basic kann interessant sinn; de Citroën Ami ass zwar net brandnei, mee elo endlech och an eisem Ländchen ukomm. Erstaunlech eben och dat Marke sech esou munches traue wëll d’Clienten dat einfach esou wëllen. Ford huet esou reagéiert a bréngt de rustikalen SUV mat moderner Technik Bronco iwwert de grousse Pull. Oder Lotus annoncéiert nët nëmmen hiren éischten SUV, mee och nach deen éischten héichgeluechten Elektrosportler vun der englescher Traditiounsmark. Deemno gëtt et genuch um Festival ze gesinn, och deen een oder aneren Highlight a Form vun Oldtimer, limitéierte Spezial-Editiounen oder Avant-Premièren, déi mer an eisem Dossier natierlech virstellen. Dofir, luusst eran an dat am beschte reegelméisseg wëll natierlech ginn eis Säiten ëmmer nees aktualiséiert.