Wat gëtt et Neies bei der Mark mat de 4 Réng? De Christian Schmit war fir eis op eng Audi Présentatioun mat op München.

26/01/2023 Audi Q8 E-Tron (MAT USO)

Genee, an do goung et em de neien Audi Q8 E-Tron. Dat an der SUV a Sportback Versioun. Allebéid konnte mir déi och fueren.150 000 Exemplaire vum E-Tron huet Audi schonn opweises. Am Premium SUV Segment vun den Elektro Autoen wier e Maart Leader, esou war op der Presentatioun am Audi Conference Center op Flughafe München ze verlauschteren. 

Elo dann en dezente Facelift an eng "Produktaufwertung" wéi dat esou schéin op däitsch heescht. Fein Nuance maachen den Ënnerscheed, wéi d'Veronika Staringer aus dem Produkt Managment preziséiert?

Wir haben versucht die neue Designsprache im Fahrzeug umzusetzen. Um dadurch die Aerodynamik und die Ladekapazität zu verbessern. Zu guter letzt haben wir, gemäss der AUDI DNA, ganz spezifisch die Fahrdynamik noch mal verschärft.

RTL

RTL

Optimiséierung am Wand Kanal soll dozou bäidroen dass den Q8 E-Tron manner verbraucht, ergo dann och d'Autonomie an d'Luucht geet. 

Hei gouf déif an Trick Këscht gegraff?

Wir haben aktive Lufteinlässe geschafft, die die Luft an den Flanken des Fahrzeugs vorbei leiten. An den Radhäusern unten kleine Spolier angebracht die die Verwirbelung vor den Laufrädern vermeiden, ja gezielt an den Rädern vorbei führen.

Batterie am High Voltage Beräich huet schonn an der Basis eng Leeschtung vun 89 kw/h. Deen Akku Package gëtt seng Leeschtung un zwee Asynchron Motricen of. Op di viischt an op di hënnescht Achs. 

Resultat 340 PS Leeschtung, permanent Allrad Traktioun an 664Nm Dréimoment ginn annoncéiert. Op der Wo sinn et bal 2,6 Tonnen, a nawell sinn 200 km/h Spëtzt dran, an op 100 a 6 Sekonnen. 500km sollen laut WLTP Norm dra sinn. 

Also näischt wéi hannert de Volant an op den Test Parcours deen d'Mark mat de 4 Réng ausgeschafft hat. Eng 200km mat Landstrooss, 25 km Autobunn, an och e bëssche stop and go Stadverkéier. Keng 500 mee 404km affichéiert den Testauto bei enger Baussen Temperatur vun 4,5 Grad um Départ. Abbé wéi esou dacks dierft et also schwiereg ginn, trotz Recuperatioun, do nach vill eraus ze schloen. An esou sollt et och sinn. Um Enn stoung e Verbrauch vun 24,4 kw um Bordcomputer bei enger Moyenne vu 54 km/h. Ëmmerhin hate mir awer nach 240km Rescht Autonomie. An dat mam Lueden un de Borne gouf jo och verbessert. Vun 150 op 170kw maximal.

Ganz positiv ass d'Fuerverhalen opgefall. Di iwwer 2,5 Tonne huet den Audi an de Chauffer gutt am Grëff. Typesch Audi, och beim Elektro Auto, eng top Veraarbechtung a Material Auswiel. Alles wat een upaakt ass héichwäerteg. Eisen Testauto hat di innovativ Kameraen déi di baussecht Spigelen ersetzen. Dorunner muss e sech awer gewinnen. Ganz souverän ass ee mam Q8 E-Tron ënnerwee. Di nei Progressiv Lenkung ass direkt, di viischt Achs gouf och nach iwwerschafft. SUV oder Sportback éischter eng affaire de Goût wëll a punkto Plaz ginn beim Sportback, trotz Coupé Linn, keng grouss Differenzen. 

    

Aus dem E-Tron gëtt also elo Q8 E-Tron. Op mannst 73 000 Euro soll e scho parat hunn oder gewëllt sinn ze investéieren. A wien Audi kennt, dee weess, do ass nach ganz vill Loft no uewen fir mat e puer Klicken e 6 stellege Betrag ze gesinn. Wiem dat ze héich ass, fir dee steet schonn de Q4 E-Tron prett, an e Q6 Elektro ass och an der Maach.

RTL
RTL

Déi wäerten alleguer Erfolleg hunn, zemools Audi jo ab 2026 nëmme nach elektrifizéiert Autoen op de Marché brénge wëll.

Fotoe vun ënnerwee mam Audi Q8 E-Tron déi gesi mir op www.rtl.lu. Do fannt dir och eise groussen Dossier Autofestival 2023 an deen et der wäert ass eran ze luussen.