No gutt dräi Joer um Marché steet déi zweet Generatioun vum elektresche Kia Niro an de Startlächer. Aus dem E-Niro gëtt den Niro EV. Mee wat ausser dem Numm nach geännert huet, weess den Akim Schmit aus der Automag Ekipp.

23/01/2023 AUTOMAG Kia Niro EV Praxistest

Fänke mer bei der Optik un. Den Niro EV spillt an der Kategorie vun de Kompakt-SUV. Déi aktuell Design-Sprooch gëtt konsequent ëmgesat. Un der Front dierf dowéinst den typeschen „Tigerface“ vu Kia net feelen. Déi verwénkelt LED-Dagfuerluuchten zéien d’Blécker op sech. An der Säiten-Usiicht stécht déi breet C-Säil an d’Aen. En Tunnel léisst d’Loft duerchstréimen, wat fir eng verbessert Aerodynamik suergt. An den Deckel vun der Mall erënnert vun der Linne-Féierung liicht un den EV6.

Den Intérieur

Och Bannendran ass net ze iwwersinn, dass den EV6 d’Virbild ass. Esouwuel déi zwee matenee verbonnen Ecran’en fir den Tacho an den Infotainment, d’Steierrad an d’Multimode-Commanden déi sech d’Klimaanlag an den Infotainment-System deelen, goufen iwwerholl. Ob een et gutt fënnt, muss jidderee fir sech selwer entscheeden; iwwert dem Fueren huet mech dat Gepiddels relativ staark ofgelenkt. Positiv si d’Sëtzer opgefall: si sinn bequeem a bidde genuch Säitenhalt an hu fir d’Passagéier op der Réckbänk USB-C-Uschlëss agebaut fir all méiglech Gadgeten ze lueden. An déi dierften genotzt ginn, well op der Réckbänk méi Plaz ass, wéi een vu Baussen erwaarde géif. Trotz senge kompakten Ofmiessungen kann den Niro EV als Familljenauto duerchgoen.

Den Undriff

Den Niro EV gëtt et nëmmen an enger eenzeger Variant an zwar mat 204 Päerd (150 kW) Elektromotor a Kombinatioun mat engem 64,8 kWh Akku. Fir de Sprint op Tempo 100 verginn 7,8 Sekonne, woubäi d’Vitesse op 167 km/h limitéiert ass. Am Test huet mer d’Mëschung aus dem fir Elektro-Autoen gewinnt sprëtzege Fuerverhalen bei engem gläichzäiteg verstännege Stroumverbrauch gutt gefall. Um Pabeier rechent Kia e Verbrauch vu 16,2 kWh bei enger Reechwäit vu 460 km vir. Mäi Verbrauch bei niddregen Eestellegen Temperature louch tëscht 18,5 an 20 kWh, ofhängeg vum Fuerverhalen.

Op der Strooss

D’Fuerwierks-Ingenieuren hu bei der zweeter Generatioun vum Niro de Fokus op de Confort geluecht, ma an awer de Fuerspaass net aus den Aen verluer. D’Lenkung ass präzis, d’Stroosselag gutt an et huet een d’Gefill wéi op Schinnen ze fueren. Dass den Niro EV am direkte Vergläich zu sengen Hybrid-Bridder wéinst der Batterie am Ënnerbuedem méi héich läit, mierkt een hannert dem Steierrad net. . Gutt gefall huet mer den „One Pedal“ Fuermodus, bei deem den Auto bis zum komplette Stëllstand ofgebremst gi kann, ouni de Fouss dofir op d’Bremspedal setzen ze mussen.

Fréier oder spéider heescht et awer oplueden. Wien sech vum agebauten Navi-System bei déi nächst fräi Borne guidéiere léisst, gëtt mat enger optimal temperéierter Batterie belount. D’Luedleeschtung ass op 80 kW limitéiert. Domat léisst sech den Akku am Idealfall a 45 Minutte vun 10 op 80 Prozent oplueden. Virausgesat d’Borne liwwert déi Leeschtung. A mengem Test hei am Land huet dat net eng eenzeg Kéier geklappt.

Méi zouverlässeg klappt warscheinlech d’Liwwerung vun engem Elektroauto. De Kia Niro EV steet mat 43.986 Euro an der Präislëscht.