Am Automag vun haut dréit sech alles ëm de BMW X1. Wéi sech dee klengsten SUV vum bayreschen Hiersteller am Alldag schléit, huet den Akim Schmit aus der Automag Ekipp fir eis getest.

27/02/2023 Automag: BMW X1

>> 27022023 AUTOMAG BMW X1 Cut 1
Zanter 2009 huet BMW den X1 am Programm a mat 1,9 Millioune verkaaften Unitéiten, ass de klengsten X-Modell och dee beléiftsten. Mat der 3. Generatioun schwëmmt BMW iwwerraschend géint den aktuellen Elektro-Trend, a leescht sech de Luxus den X1 esouwuel als Bensinner, als Diesel ewéi och als Plug-In Hybrid unzebidden. Wuel och fir déi aktuell Clientèle net virun de Kapp ze stoussen a sech vu Konkurrente wéi dem Audi Q2 oder dem Skoda Karoq ofzehiewen.
 
Bei den Autoen ass et net anescht ewéi bei de Mënschen: den éischten Androck zielt. An do schéngt mer den X1 méi erwuessen ewéi bis elo?
 
>> 27022023 AUTOMAG BMW X1 Cut 2

Wat direkt opfält: den X1 ass gewuess a méi no un den X3 geréckelt. An zwar esou no, dass ee sech d’Fro stellen dierf, ob den X3 an der Gamme nach Sënn mécht. Mee wou mer scho beim éischten Androck sinn, do fält besonnesch déi nei Front op wou d’BMW Nier méi grouss a méi kanteg ginn ass. Genee esou wéi déi ganz hënnescht Partie vum Auto. Dat wierkt alles méi stämmeg wéi dat bis elo de Fall war.
 
Wéi gesäit et da bannendran aus? Erfëllt den X1 d’Erwaardungen un e Premium-SUV?
 

>> 27022023 AUTOMAG BMW X1 Cut 3
Wat positiv opfält ass d’Raumgefill wann een era klëmmt. Do ass zu engem gudden Deel de Panorama-Daach mat dru bedeelegt. Zum aneren huet BMW d’Mëttelkonsol radikal opgeraumt. Dat schaaft Plaz fir weider Oflagen, mee leider sinn dobäi de Schalthiewel an d’Commanden vum Infotainment-System op der Streck bliwwen. Déi puer Knäppercher an de Sproochassistent hu mech am Test net iwwerzeegt. Näischt ze meckeren hunn ech dogéint un der Veraarbechtung, déi op héijem Niveau ass, an un der Plaz. Esouguer d’Mall ass mat 540 bis 1.600 Liter um Niveau vum grousse Brudder X3.
 
Ënnert dem Capot vun dengem Testauto war zur Ofwiesslung mol keen Elektromotor vestoppt, mee e Bensinner…
 
>> 27022023 AUTOMAG BMW X1 Cut 4

Also ganz ouni Elektro-Ënnerstëtzung geet et dann awer net. Eisen Testauto,  den X1 23i, ass e sougenannten Mild-Hybrid mat 48 Volt-Bordnetz. D’Basis ass dobäi en 2-Liter Véierzylinder Bensinner mat 218 Päerd, 7-Gang DSG-Boîte an Allradundriww, dee bei BMW xDrive heescht. Den Elektromotor soll an dësem Fall dem Bensinner Been maachen an dobäi de Verbrauch niddreg haalen. Allerdéngs klappt dat nëmme mëttelméisseg: wou 218 Päerd op 1,7 Tonnen Auto kommen, do geschéie keng Wonner. 7,1 Sekonnen dauert de Sprint op Tempo 100 an och de Verbrauch louch a mengem Test éischter bei 8 Liter ewéi bei de 6,5 Liter um Pabeier… Seng Stäerkt läit an der Kombinatioun vu sportlech ausgeluechtem Fuerwierk, gutt doséierbare Bremsen an enger Steierung déi Loscht op méi Gekéierts mécht. E Minuspunkt gëtt et vu mir fir d’Boîte, déi net ëmmer op Zack war, a mech déi eng oder aner Kéier beim Stoppschëld oder beim Iwwerhuelen, hänke gelooss huet. Do kënnt jo vläicht nach en Update...
 
Däi Resumé fällt also duerchwuess aus. Mee ee Kapitel feelt eis nach, an zwar de Präis.
 
>> 27022023 AUTOMAG BMW X1 Cut 5

Ech maachen et kuerz: den X1 23i steet mat 46.300 Euro an der Präislëscht. Eise gutt equipéierten Testauto kënnt da schon op 62.000 Euro. Den X1 ass eben an allen Hisiichte méi erwuesse ginn …

 
+ sportlecht Fuerwierk

+ gutt Sëtzer

+ grousse Choix u Motorisatiounen

- Automatik-Boîte net op Zack

- Commande vum Infotainment

- onpraktesch Diergrëffer