
Am Automag vun haut geet et ëm ee Millionär – nët em en Automag-Mataarbechter mee natierlech ëm en Auto, den Toyota Corolla! Dëse war zeideg fir ee Facelift an de Paul Origer war fir eis op der Presentatioun zu Malaga mat dobäi.
Paul, tatsächlech gëtt et keen aneren Auto, dee sech esou dacks verkaf huet wéi den Toyota Corolla?
Genee, laang war de VW Käfer d’Nummer 1, mee natierlech ass deen antëscht, bedéngt duerch säi Produktiounsstopp, vum Podium erofgeklomm. Den Toyota Corolla hat 1966 säin Debut an ass elo an der 12. Generatioun ukomm. 50 Milliounen Exemplaire vum Corolla huet Toyota weltwäit verkaf, dat ka sech weise loossen. Déi aktuell Generatioun ass 2019 presentéiert ginn a war elo, no 3 Joer am Déngscht, um Tour fir eng kleng Renovatioun.
Wat huet sech dann do elo geännert?
Optësch net immens vill; d’Kalander krut een neien Design esouwéi d’Luuchten hannen a vir en neit Banneliewen. Modifizéiert gouf den hënneschte Parechoc mat engem neien Diffusor esouwéi d’Fuerwpalett fir bannen a baussen. Den Interieur bleiwt designméisseg wéi beim Virgänger, nei sinn awer den 12,3 Zoll Schierm fir d’Instrumenter esouwéi een 10,5 Zoll-Touchscreen fir Multimedia. Deen allerdéngs elo esou wäit eropbaut dat een tëscht Schierm a Bannespigel nach just ee klenge Schlitz huet fir op d’Strooss ze kucken – do froen ech mech alt erëm, wien dofir gréng Luucht ginn huet. Soss, wat d’Karrosserievarianten ugeet, behält Toyota weiderhin den Hatchback an d’Kombiversioun Touring Sports, de 4-dierege Sedan gëtt dogéngt net méi bei eis verkaf.
Toyota steet natierlech fir Hybrid-Undriw, ech huelen un, ënnert dem Capot vum opgefrëschte Corolla fanne mer deen och nees?
Ganz genee, an zwar als 1800er an am 2-Liter, siew et mat 140 oder 196 PS. Bei der elo 5. Hybrid-Generatioun kënnt elo virun allem eng nei Lithium Ione Batterie an den Asaz. Soss gouf nët nëmmen um Verbrauch mee besonnesch un der Souplesse an um Fuergefill geschafft. An dat Verspriechen ass och effektiv spierbar. De Motor sprécht zimmlech direkt un, ass bei béide Motorisatioune relativ sprëtzeg an déi esou dacks kritiséiert CVT-Boîte mécht hire Match gutt a versicht d’Touren agreabel niddereg ze halen. Eng ganz angenehm Fonctioun ass den esougenannten Uphill- an Downhill Control dee virun allem am Biergof méi staark rekuperéiert an domat onnéidegt Bremse verhënnert. All dat mécht Verbrauchswäerter mat enger 5 oder esouguer enger 4 virum Komma ouni grouss opzepassen, méiglech!
Also am Fong quasi näischt um renovéierte Corolla auszesetzen?
Tatsächlech net. Et sëtzt ee gutt, Fuerer a Bäifuerer sinn esouguer relativ lëfteg ënnerbruecht, just hanne soll ee kee Raumwonner erwaarden. Hei huet virun allem de Kombi mat extrem mickreger Kappfräiheet enttäuscht. Wat dann nees tréischt, sinn déi, typesch Japaner, déi gutt Equipementer. Mam Facelift kommen dann och nei Assistenzsystemer a Fuerhëllefen, déi deelautonomt Fuere méiglech maachen. Zemools am Stau kann dësen neie Feature enorm entlaaschten. Awer och Innovatioune wéi de Safe Exit Assist deen d’Dier just opgoe léisst, wann och näischt am Wee ass oder de Rear Seat Reminder System, deen dofir suergt dat’s de déng Kanner net vergëss. Wat bleiwt, dat ass nach ëmmer eng bësse méi speziell Menüféierung beim Infotainment, zum Gléck behale wichteg Fonktiounen awer nach hire Knäppchen.
En Auto deen sech esou dacks verkeeft, deen ass dann och hoffentlech erschwénglech?
Dat géing ech emol soen; Den Toyota Corolla gëtt et nach just als Hybrid, an dat vun 30.900 Euro un, respektiv en Dausender méi fir de Kombi. A wann ee wëll, bis zu 10 Joer Garantie.
Pro & Kontra:
+ spuersamen an effikassen Hybrid-Undriw
+ komplett Equipementer
+ Präis-Leeschtung
- wéineg Kappfräiheet beim Kombi
- Multimediaschierm ze héich