
An dësem Automag geet et op d’Äis, en Terrain op deem een éischter seelen ënnerwee ass mat engem Auto. Skoda hat invitéiert a wollt beweisen, dass ee mat hiren Autoen och op deem Ënnergrond ka «sécher » fueren. Den Andy Brücker aus der Automag-Redaktioun war dofir an d’Häerz vu Schweden gereest.
Fir genee ze sinn, ass et op Östersund gaangen, wou ee vu sech selwer seet, et wier een den Zentrum vu Schweden. Bei angeneeme Minustemperaturen an enger wäisser Schnéidecke goufe mer um Fluchhafen empfaangen a konnten dann och mat engem vun den diversen Allradbedriwwene Skoda-Modeller direkt e mol en Tour dréine goen an der wonnerschéiner Landschaft ronderëm Östersund. Mäin 1. Choix war op e Skoda Superb gefall, mat 280PS a 400Nm Dréimoment. Och mat Allrad muss een déi iwwerhaapt mol op d’Strooss kréien, an dofir ware mer mat Pneue vun der Mark Nokian ënnerwee, déi mat kuerze Spikes equipéiert waren. D’Fuergefill war op de veräiste Landstroosse liicht schwammeg an d’Lenkbefeeler goufe liicht verzögert ëmgesat, ma wann ee sech bis dru gewinnt hat, war et awer nach erstaunlech, wéi sécher den Auto gefuer ass, virun allem op der Brems. Do huet ee sech ganz lues mussen eruntaaschten.
Nieft de Landstroossen, goung et awer och op en zougefruerene Séi
Do waren dann och all déi divers Modeller vu Skoda mat 4x4-Undriff opgereit an et goufe verschidde Parcoursen um Äis, déi ënnerschiddlech Fuersituatioune mat sech bruecht hunn. Sief et kuerz enk Kéieren, sief et Bremspunkten, oder zum Beispill laang gezunne Kéieren, wou een dann och seng Drift-Fäegkeeten übe konnt. Éier mer awer op déi Parcourse lassgelooss goufen, hu mer eis op engem Slalom-Parcours emol un d’Fuerdynamik op Äis gewinnt an de professionelle schwedesche Rallye-Pilot Patrik Sandell ass iwwerzeegt, dass sou e Fuertraining op Äis aus jidderengem e bessere Chauffer ka maachen.
Patrik Sandell: "All Fueren op esou engem zougefruerene Séi wäert all Chauffer hëllefen e besseren Autofuerer ze ginn. Et ass egal ob dat de Lewis Hamilton ass, oder een deen nach ni virdru wierklech séier Auto gefuer ass, well du kriss sou e gutt Gefill fir den Auto an hei op sou engem sécheren Terrain kanns de deng eege Limitten testen."
Gefuer si mer op Skoda Octavia, Superb, Karoq, Kodiaq an op den elektresch ugedriwwenen Enyaq-Modeller. Den Ënnerscheed vum Verbrenner op den Elektro-Auto war trotz ënnerschiddlechem Konzept, duerch eng clever Software, net sou grouss wéi ech mer et erwaart hätt, wéi och den Instrukter Per Johannson erkläert huet.
Per Johannson: "Wéi dat lassgaangen ass mat den Elektroautoen, war et e groussen Ënnerscheed. Wann den Elektromotor aktivéiert gouf, war dat zimmlech plompl, et war wéi wann een e Luuchteschalter géif umaachen. Ma elo ass d'Software vill besser an et spiert ee just nach liicht Ënnerscheeder (tëscht engem Vebrenner an engem Elektroauto)."
Am wuelste gefillt hunn ech mech dann tatsächlech am Skoda Superb, well deen de längste Radstand hat, an dann och méi en niddrege Schwéierpunkt hat, wéi z.B. e Kodiaq.
Mam Skoda Enyaq ass et och méiglech Fuerspaass op Äis ze hunn, an no e bëssen Übung war och hei e propperen Drift kee Problem méi, ma et mierkt een dann awer och dat zousätzlecht Gewiicht, wat een duerch d'Batterië mat sech ronderëm schleeft, dat zum Beispill wann een den Auto vun enger Kéier an déi nächst geheie wëll. Do muss een dann anescht drun erugoen, well wann déi 2 Tonnen um Äis mol bis a Beweegung sinn, kritt een déi net mir näischt dir näischt mat engem Lenkbefeel nees an déi aner Richtung manövréiert. Do muss een da schonn e bëssen anticipéieren, wat awer och kee Problem duerstellt... et ass halt just liicht anescht wéi bei engem Octavia oder Superb. Et kéint een et da vum Fuerverhale schonn éischter mam Karoq oder Kodiaq vergläichen, déi duerch hir SUV-Karosserie de Schwéierpunkt méi wäit uewe sëtzen hunn, an doduerch och anescht op e Laaschtwiessel reagéieren, a méi eng Wank-Beweegung mat sech bréngen.
Duerch Manipulatioun vun de Fuermodi tëscht “normal” oder "Sport", respektiv duerch d’Ausschalte vum ESP konnt ee ganz ënnerschiddlech Fuerdynamiken erausspieren, a vun Tour zu Tour ass ee méi kéng ginn. Ech kann no dëser Erfarung op Äis och definitiv verstoen, wisou skandinaesch Rallye-Piloten a sou jonke Joren schonn esou grouss Erfollger feiere kënnen, well wann een a Schweden, Finnland oder Norweegen den zougefruerene Séi virun der Hausdier huet, léiert ee Fuerdynamik op engem ganz aneren Niveau kennen, wéi et bei eis doheem iwwerhaapt méiglech wier.
Dat krut ech dann och nach emol bewisen, wéi ech um Enn nach hunn dierfe beim WRC2-Weltmeeschter vun 2021 matfueren. Skoda hat de fuschneie Fabia Rally2 mat op d’Presentatioun bruecht an deen Tour um Äis, mam Andreas Mikkelsen, op Rallye-Spikes, hunn ech mer net huele gelooss. En onvergiesslecht Erliefnis.
Hutt dir en allradugedriwwene Skoda doheem an der Afaart stoen... da wësst der elo, dass do och eng ganz Partie Rallye-Genen matfueren, och wann dat net op den éischte Bléck opfält. Interessanterweis ass de Maartundeel vun de 4x4 Modeller am Grand-Duché bei Skoda mat 40,8% dann och erstaunlech héich, an an den TOP5 vum Skoda-Ranking weltwäit, hannert Island, Norwegen, der Schwäiz a Schweden.