Am Automag vun haut kucke mer eis den Jogger vum rumänesche Constructeur Dacia un. Wat um Jogger nei ass verréit eis den Akim Schmit aus de Automag Ekipp. An du soss mer, dass Dacia grouss Erwaardungen un den Jogger huet.

>>> 13032023 AUTOMAG Dacia Jogger - Cut 1 <<<

Effektiv, den Dacia Jogger huet schonn d’läscht Joer seng Premiere gefeiert an ass den Nofollger vu gläich zwee Modeller: dem Logan – e Kombi fir déi, déi d’Gamme net kennen – an dem Lodgy, enger Zort Minivan. Dat sinn zwee verschidde Konzepter, déi den Jogger ënnert engem Hutt, oder besser enger Karosserie, vereent. An d’Rechnung schéngt opzegoen. Dacia schwätzt ewell vu méi wéi 94.000 Commanden zanter dem Lancement. An dat wieren der méi, wéi erwaart.

Elo ass den Jogger schonn eng Zäit um Marché. An ëmmer erëm gouf et Kritik un de Motorisatiounen. Gëtt et do en Update?
>>> 13032023 AUTOMAG Dacia Jogger - Cut 2 <<<
En Update net onbedéngt : den 110 PS Bensinner an d’LPG Versioun mat 100 Päerd Leeschtung bleiwen am Programm. Nei dobäi ass eng Hybrid-Versioun mat 141 Päerd an Automatik-Boîte. Den Undriff kenne mer esou schonn aus dem Renault Clio, an och bei Dacia mecht d’Kombinatioun aus Véierzylinder-Bensinner a 36 kW Elektromotor eng gutt Figur, schonn eleng well den Auto mat 1.432 Kilo kee Wanterspeck mat sech ronderëm schleeft. Dass en e bësse méi schwéier ginn ass, läit un der 1,2 kWh klenger Batterie vum Undriff, déi virun der hënneschter Achs hir Plaz fonnt huet. Doduerch kann een och den Hybrid-Jogger optional mat 7-Sëtzer bestellen.

Du hues d’Plaz ugeschwat, wou alles beim ale bleift. Mee gëtt et soss nach Changementer par Rapport zum Jogger mat Verbrenner ?
>>> 13032023 AUTOMAG Dacia Jogger - Cut 3 <<<
Den däitlechste Changement ass definitiv den digitalen Tacho, deen et dem Chauffer erlaabt ze suivéieren wéien Undriff grad schafft oder ob Energie zeréck an den Akku fléisst. Als Hybrid kënnt den Jogger ouni Stecker fir ze lueden aus a këmmert sech ouni Agrëff vum Chauffer ëm d’Lueden an Entlueden vum Akku. Fir de Rescht wier do nach den Wielhiewel vun der Automatik-Boîte iwwert dee sech och d’Stäerkt vun der Recuperatioun astelle léisst, an de Schalter vun der, an dësem Fall, elektrescher Parkbrems.

Wéi fiert sech dann dëse Low-Cost Hybrid?

>>> 13032023 AUTOMAG Dacia Jogger - Cut 4 <<<
Erstaunlech frësch a sprëtzeg muss ech soen. Den Jogger kënnt gutt aus de Féiss a reagéiert spontan wann een d’Pedall bis duerchdréckt. Besonnesch am Stadverkéier mat senge roude Luuchten ass et vu Virdeel fir reng elektresch Unzefueren, ier de Verbrenner da bäispréngt. Dat ass an deene meeschte Fäll éischter ze héiere wéi ze spieren. D’Ingenieure vun Dacia wëllen ausgerechent hunn, dass ee bis zu 80% vum Stadverkéier reng elektresch fuere kann. Iwwerpréiwe léisst sech dat bei esou enger Präsentatioun awer net. Eisen Testparcours huet eis ronderëm Lissabon gefouert a war e Mix aus Autobunn, hiwwelege Landstroossen a Stadverkéier. Um Enn vum Test huet mer de Bordcomputer e Verbrauch vu 4,9 Liter ugewisen.

Gëtt et dann näischt, wat der net gefall huet?
>>> 13032023 AUTOMAG Dacia Jogger - Cut 5 <<<
Wou mer grad vum fuere geschwat hunn: fir mäi Goût kéint d’Fuerwierk e bësse méi Confort verdroen, hei spiert een nawell däitlech wann de Makkadamm e bësse gelidden huet. Fir de Rescht dinn ech mech effektiv e bësse schwéier, zemools een alles a Relatioun zum Präis setze muss. Beim Interieur, fir nëmmen dësen ze nennen, muss sech Dacia net verstoppen a spillt an der Tëschenzäit eng Kategorie méi héich. Zwar ass hei alles op dat wesentlecht reduzéiert, mee d’Qualitéit stëmmt an et huet een net méi d’Gefill an engem bëllegen Auto ze sëtzen. Well am Fong ass den Jogger Hybrid jo och kee bëllegen Auto. Lass geet et mat 23.700 Euro fir de 5-Sëtzer, de 7-Sëtzer ass nach emol 1.000 Euro méi deier.