
Wéi ass et mat der Elektromobilitéit am Segment vun de klengen Autoen? Ofgesi vum Renault Zoe an de Plattformzwillingen Opel Corsa, Peugeot 308 an DS3 Crossback ass de Choix limitéiert. A genee do wëll elo VW mam Elektro-Nofollger vum Polo duerch starten. Zu Hamburg gouf lescht Woch de Showcar vum neien ID. 2all als Weltpremière virgestallt an de Paul Origer war fir eis mat dobäi.
Den Elektroauto ass nach laang net bei jidderengem ukomm: ze wéineg Autonomie, vläit Angscht virun der neier Technik oder einfach nëmmen ze deier – deem wëll VW elo entgéint wierken.
D’Missioun
Volkswagen – den Auto fir d’Leit! Wat deemools den Numm vun der Mark definéiert huet, soll och haut erëm d’Richtlinn vu VW ginn. An dofir muss e virun allem bezuelbar sinn. Logesch, dat d’VW d’Plattform MEB Entry nennt a plangt, se fir eng ganz Rëtsch nei Modeller mat Elektroundriw anzesetzen. Mee elo mol bei den ID. 2all – e bëssen Traditioun stécht och derhannert. De Kompaktauto war ëmmer een Thema bei de Wolfsburger, sief et de Käfer oder de Golf an awer och de Polo. A virun allem an dëser Kategorie soll mat engem versprache Präis vun ënner 25.000 Euro déi individuell Elektromobilitéit fir jiddereen accessibel gemaach ginn.
Den Design
Optesch komplett an eng aner Richtung wéi elo een ID. 3 start den neisten ID-Worf an der Polo-Klass. An d’A stiechen direkt déi typesch Atouten, déi mam Golf agelaut goufen; déi breet C-Sail an déi ausgestallte Radhaiser. Dozou kënnt nach ee sympathescht Gesiicht an déi antëscht scho bal üblech breet Luuchtebänner. Gutt, déi flott 20-Zoll-Rieder an déi üppeg LED-Beliichtung vum Showcar wäert et elo net an d’Serie packen, déi kompakt a gelonge Proportiounen awer sécher. Genee wéi dee versprache minimalistesche Cockpit, op dat wiesentlecht reduzéiert mat e puer kecke Reminiszenzen u fréier Modeller.
Den Undriw
Mam ID. 2all start deen éischte virgedriwwene Modell op der MEB-Plattform. Dat soll natierlech dem Undriw, spréch dem Package aus Motor, Batterie a Luedtechnik zerguttst kommen. Mat 226 PS Motorleeschtung bleiwen deemno genee esou wéineg Wënsch op wéi mat 450 versprache Kilometer Autonomie.
Am Résumé
De Showcar versprécht vill, virun allem ee bezuelbare Präis! Bleift ze hoffen, dat VW säi Wuert hält. Spéitstens 2025, bei der Presentatioun vum Seriemodell, wësse mer méi!