Den Expert an der Virologie aus dem LIH Claude Müller an den Direkter vun der Santé Jean-Claude Schmit waren e Samschdeg Invité am Background.
Den Ament maachen d'Mutatioune vum Coronavirus de Responsabelen hei am Land Suergen. Zu Lëtzebuerg ass déi brittesch Variant bis ewell am Heefegsten. Zuele wollt den Dr Jean-Claude Schmit, Direkter vun der Santé, an eiser Emissioun Background de Samschdeg de Mëtteg awer net nennen. Hie wéilt net spekuléieren. Och déi südafrikanesch Variant hätt ee schonn an
verschiddene Cluster och nogewisen.
Et wär awer ganz normal, dass ee Virus sech verännert a sech dann och anescht verhält, präziséiert den zweeten Invité, den Expert an der Virologie aus dem LIH, de Claude Müller. Bis ewell hätte mer einfach Chance gehat, dass dës Mutatiounen nach net opgedaucht a sech nach net méi séier verbreet hunn. Et misst een do och am Kapp behalen, dass verschidde Mutatiounen och deels méi schwéier Verleef bei Jonken hunn, wéi ënner anerem an enger israelescher Etüd konnt nogewise ginn.
Et wären awer wierklech vill Mesuren en place, fir d'Verbreedung vum Virus ze verhënneren, mee trotzdeem géing eng méiglech 3. Well Suerge maachen, sou den Dr Jean-Claude Schmit. Dofir misst een och weiderhi restriktiv bleiwen, wat d'Regierung jo och mat der Verlängerung vun de Covid-Gesetzer gemaach hätt.
Fir de Claude Müller gëtt et awer definitiv een Ënnerscheed tëscht der Situatioun haut an där am Oktober. Am Oktober wiere fir d'éischt ëmmer méi jonk Leit krank ginn an dunn och ëmmer méi al Leit. Du wär d'Zuel vun den Hospitalisatioune geklommen. Haut wär d'Situatioun awer anescht, well déi éischt Phas vun der Impfung ofgeschloss wier. D'Leit an den Altersheemer wären elo geschützt an deemno dierft d'Zuel vun den Hospitalisatiounen net méi grad sou héich ginn. "Do sinn ech méi optimistesch", sou de Claude Müller.
Et hätt besser missten opgepasst gi wärend der éischter Phas, wou ugefaange gouf mam Impfe vun den Altersheemer an dem Gesondheetspersonal, fënnt dann de Claude Müller. Wann e Fall an engem Altersheem opgetrueden ass, hätt direkt missen déi ganz Struktur duerch geimpft ginn. Domadder hätte kéinte verschidden Doudesfäll verhënnert ginn, präziséiert den Expert an der Virologie.
Dëst Konzept vun de Ring-Impfungen ass och dem Santésdirekter Jean-Claude Schmit natierlech bekannt, mee ob dat elo och zu manner Doudesfäll gefouert hätt, wéilt hien esou awer net soen. Dat ganzt wär awer och eng Fro vun der Organisatioun, d'Logistik wär ganz komplex. Et géing awer net ausschléissen, dass een an Zukunft kéint op dee Wee goen.
Wat den Intervall tëscht der 1. an der 2. Dosis ugeet, plädéiert de Claude Müller dann och dofir, dass een net esou juristesch soll sinn an dass een net strikt dat maache misst, wat um Beipackzettel steet. Et kéint een den Intervall verlängeren an da misst een och net 100 Prozent vun de Vaccinen op d'Säit leeën. Do misst een definitiv vill méi flexibel sinn. An dat net just beim AstraZeneca, mee och bei den anere Vaccinen.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an am RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.