Invité e Samschdeg war den Expert an der Virologie, den Dokter Claude Muller.

D'Wëssenschaft an d'Politik sinn alarméiert. Déi nei Coronavariant, den Omikron oder B 1.1.529 suergt fir vill Kappzerbrieches.

Background - Resumé
Invité e Samschdeg war den Expert an der Virologie, den Dokter Claude Muller.

Et ass keng duebel Mutatioun, wéi dat beim Delta - der aktueller Variant - de Fall ass, mä eng Variant mat villen an ongewéinleche Mutatiounen.

Iwwer 30 Stéck, wéi den Expert an der Virologie, de Professer Dokter Claude Muller am Background sot.

"Et ass alarmant, well natierlech doduerch d'Méiglechkeet besteet, datt déi Mutatiounen Verännerunge maachen an den Eegenschaften, am Verhale vum Virus a virun allem kënnen déi Mutatiounen dozou féieren, datt d'Antikierper manner gutt bannen an dat géing dann heeschen, dass e méi resistent ass vis-à-vis vun der Immunitéit vu Geimpften. "

Ob dat esou ass, muss sech an deenen nächste Woche weisen an da gesäit een och, ob Omikron méi ustiechend ass.

D'Infektiounszuelen aus der südafrikanescher Provënz Gauteng kéinten dorop hindeiten, se sinn a kuerzer Zäit staark an d'Luucht gaangen. Firwat dat esou ass, muss een awer nach analyséieren.

"Huet déi nei Variant sech esou séier verbreet an ass se esou liicht opgefall, well wuel zur selwechter Zäit relativ wéineg aner Varianten ënnerwee waren? Et huet een natierlech och bëssen den Androck, datt déi elo dominant ginn ass. Och do muss ee vläicht nach e bësse virsiichteg sinn, ier ee wierklech eng Schlussfolgerung zitt. Mä dat ass ee vun de Grënn firwat een déi Variant als "Variant of concern" ugesäit."

Den Fluchtrafic mat de Länner am südlechen Afrika ze limitéieren, ass an den Aen vum Dokter Muller, eng Moossnam, déi zu dësem Ablack richteg ass. Donieft misst de Vaccin un déi nei Variant ugepasst ginn.

Onofhängeg vun där neier Variant bleift et wichteg sech ze impfen a sech duerno och de Booster, also d'Opfrëschungsimpfung sprëtzen ze loossen. Dat ass jo eréischt méiglech,  wann déi zweet Impfung 6 Méint hier ass, ausser et krut een Johnsson&Johnson.

Den Dokter Claude Muller réit der Santé beim AstraZeneca keng 6 Méint mam Booster ze waarden, wann dat technesch an organisatoresch méiglech ass. Den Expert an der Virologie recommandéiert, déi Impfung schonn no 4 Méint opzefrëschen.

Eis Infektiounszuelen sinn den Ament héich, mä fir d'Situatioun ze bewäerten gouf bis elo ëmmer d'Zuel vun den Hospitalisatioune gekuckt, virun allem d'Zuel vun de Patienten op der Intensivstatioun.

Do war d'Situatioun gënschteg bis virun enger Woch, seet de Claude Muller, d'Zuele si mat 10 Intensivpatienten och nach ëmmer gënschteg, mä wat de Wëssenschaftler beonrouegt, ass, datt d'lescht Woch op der Intensivstatioun méi Leit waren - 6 Patienten - déi geimpft waren, wéi Patienten, déi net geimpft waren.

Elo misst ee gesinn, ob dat en Ausrutscher war oder ob et en Trend ass, dee weist, datt d'Immunitéit scho staark zeréckgaangen ass.

Hien ass donieft der Meenung, datt een iergendwann och de Booster muss hunn, fir weider als Geimpft ze gëllen an domadder säi grénge Covid-Check-Zertifikat ze behalen.

Background am Gespréich mam Dr Claude Muller

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.