Fir d‘Allerhellege-Vakanz hu mer eis dëse Samschdeg an eiser Emissioun Background mam Thema "Doud" beschäftegt.

Invitéiert waren 3 Dokteren: d‘Monique Reiff, Neurologin am CHL, d‘Luciane Pauly Generalistin am Haus Omega vun Omega 90 (eng Associatioun, déi ënner anerem Leit un hirem Liewensenn begleet) an de Romain Stein, Generalist a Member vun der Associatioun „Mäi Wëlle, mäi Wee“ (eng Associatioun, déi sech asetzt, fir d‘Recht an Dignitéit ze stierwen).

Zu Lëtzebuerg ginn net vill Euthanasië gemaach, virun allem am Verglach mam Ausland. Zejoert goufen et hei am Land 28 Euthanasien, huet de Romain Stein betount. Zu Lëtzebuerg géife just 0,6% vun den Decèsen duerch eng Stierfhëllef geschéien. An der Belsch wieren et zum Beispill  2% an an Holland 4%. Dat wier virun allem doduerch ze erklären, datt et nach ëmmer en Tabu-Thema wier, sot d'Monique Reiff. Et géing och nach ëmmer e Manktem un Doktere ginn, déi dat ubidden, genee wéi am Ausland. Et hätt awer eng enorm gesellschaftlech Entwécklung ginn a jonk Dokteren wieren scho vill méi oppen dofir. Kriibskrank Patiente froen am Heefegsten un, fir eng Euthanasie gemaach ze kréien. Duerno kéimen Leit mat neurologesche Krankheeten. Wisou di mer eis esou schwéier iwwert den Doud ze schwätzen? Der Luciane Pauly no hätten d'Leit Angscht virum Onbekannten a géifen et dofir ewechdrécken. Dat wier allerdéngs net gutt, well ee weder sech, nach säin Ëmfeld virbereede géif.

Wéi kann ee sech op den Doud virbereeden?

Virbereede kann ee sech notamment mat enger Patienteverfügung (Directive anticipée) oder mat enger Disposition de fin de vie, erkläert den Dr Stein. Bei der Patienteverfügung kann de Patient festleeën, wat hie wëll- oder net wëll gemaach kréien, wann hien onheelbar krank ass. Zum Beispill kënschtlech ernäert oder intubéiert ze ginn. Bei enger Disposition de fin de vie erkläert de Patient seng Haltung par Rapport zur Euthanasie. Dat wier immens wichteg, am Fall wou e Mënsch zum Beispill een Autosaccident huet, da gehierdoud ass a beotemt gëtt an eigentlech keng Rettung méi a Siicht ass. Wann de Patient dann eng Disposition de fin de vie gemaach huet, dann dierf den Dokter d‘Apparater ofschalten.

Et brauch eng besser Tarifikatioun fir d'Euthanasie

Et gi kloer Krittären, fir eng Euthanasie kënnen ze kréien. Zum Beispill muss een iwwer 18 Joer al sinn an et muss een eng onheelbar Krankheet hunn, déi irreversibel ass, erkläert d‘Neurologin Monique Reiff. Et wier och ganz sënnvoll driwwer nozedenken, fir an Zukunft d‘Patienten, déi an d‘Spidol kommen, ze froen, ob se eng Disposition de fin de vie hunn oder et op d‘mannst ze thematiséieren, sou Dr Reiff.

Et gëtt keen Tarif fir eng Euthanasie, well näischt an der Nomenclature virgesi wier. Eng Stierfhëllef hëlt vill Zäit a wa se gemaach gëtt, da géif dat duerno fir d'Dokteren an de Benevolat falen, well se se net richteg bezuelt kréien. Natierlech géing et schwéier falen bei deem Thema iwwer Finanzen ze schwätzen, mee et wier een defizitär, kritiséiert d'Neurologin. "Mäi Wëlle, mäi Wee" géing schonn zanter Joren fir eng besser Tarifikatioun plädéieren, sou den Dr Romain Stein, dee sech an deem Sënn och fir eng Maison de fin de vie staark gemaach huet. Nieft dem Doud ass awer och d'Trauer e wichtege Sujet, huet d'Luciane Pauly ënnerstrach. D'Gesellschaft misst mat méi Gefill mat der Trauer vun de Leit ëmgoen.

Brauch et eng Alterslimitt fir d‘Euthanasie?

Zu Lëtzebuerg muss ee Minimum 18 Joer al sinn, fir kënnen eng Stierfhëllef unzefroen. Et wier een awer ëmmer an enger Situatioun vun enger onheelbarer Krankheet, „firwat muss ech do e Jonke méi leide loossen, wéi een vun iwwer18 Joer?“, freet sech d‘Neurologin Reiff, déi dofir plädéiert, d‘Alterslimitt, genee wéi an der Belsch, och hei am Land ze sträichen. Och den Dr Romain Stein fënnt, et misst méiglech sinn. Et géing souwisou jeeweils individuell gekuckt ginn wéi d'Situatioun ass, mee och Puppelcher géinge mat onheelbare Krankheeten op d‘Welt kommen an et kéint ee se net leide loossen.

Stierfhëllef fir psychiatresch Leiden?

An de leschten Jore wier och d‘Demande fir eng Euthanasie bei psychiatresche Patienten ëmmer weider an d‘Luucht gaangen. Dofir stellt sech d‘Fro, ob een d‘Stierfhëllef an deene Fäll soll méiglech maachen. D‘Gesetz géing et hierginn, mee am Praktesche wier et hei am Land nach ni ëmgesat ginn, ebe well dës Patiente jo per Definitioun net eng onheelbar Krankheet hätten. Psychesch Kranker wieren awer och an enger enormer Souffrance, präziséiert d‘Monique Reiff. De Suicide wier ganz héich bei deene Krankheeten an et wéilt ee jo net, dass Leit sech ëmbréngen, wann et vläicht och anescht méiglech wier, sou d'Neurologin.

Et wier traureg, dass eenzel Leit vill Suicide-Versich misste maachen, bis se eng Léisung fir hire Problem fonnt hätten, fënnt och Dr Luciane Pauly. Dat wier immens traureg. Et soll een d'Leit sou respektvoll wéi méiglech stierwe loossen, sou d'Generalistin vun Omega 90.

Background am Gespréich: Dr Monique Reiff, Dr Luciane Pauly an Dr Romain Stein

Weider war nach den Dr Bernard Thill – Internist an Auteur vum Buch "Das Warschauer Konzert" iwwer den Doud fir d'Emissioun invitéiert. Dësen huet sech awer kuerzfristeg entschëllege gelooss.

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.