D'Bande Dessinée vun dëser Woch heescht "Le dernier Atlas". Et ass deen éischten Album an enger Serie vun 3, bei deem een awer net genee weess, a wéi enger Zäit e spillt. 4 Auteuren stiechen hannert deem 230 Säiten décke Buch.

02/04/2019 BD VUN DER WOCH (Le dernier Atlas T.1)

De Fabien Vehlmann an de Gwen de Bonneval fir den Zeenario an den Hervé Tanquerelle mam Fred Blanchard fir d'Zeechnungen.

Datt een net direkt weess a wéi enger Zäit d'Geschicht spillt läit dorun, datt et eng Uchronie ass. Eng Geschicht deemno, déi sech e puer Fräiheete mat der Geschicht hëlt.

An dësem Fall sinn et grouss Roboter déi Frankräich an den 1960er Jore gebaut huet, déi deen technologesche Virsprong vun der Grande Nation weise sollten. Déi Roboter, déi no Perséinlechkeeten aus der franséischer Kultur benannt waren, ware fir ee schwéiert Accident responsabel a sollten dofir zerstéiert ginn. Just an Indien steet nach een ze verraschten.

An do wëll den Ismaël Tayeb, den Haaptpersonnage an der Geschicht, dee Roboter siche goen, fir u seng Batterie ze kommen. Hien ass u sech ee klenge Gangster dee fir eng Band zu Nantes schafft. An do kritt hien d'Missioun, fir déi radioaktiv Batterie vum Georges Sand (esou den Numm vun deem Roboter) an Indien sichen ze goen. Wat hien awer mat engem Hannergedanke mécht.

Nieft der Geschicht vum Ismaël a wéi hie versicht dee Roboter an Indien nees un d'Lafen ze bréngen, gëtt et nach eng Partie Niewegeschichten. D'Relatioun mat der Fra u senger Säit, déi an dësem éischten Album nach net weider präziséiert gëtt. An déi ekologesch Katastroph déi an Algerien dausende vun Déieren d'Liewe kascht an och een Afloss op d'Mënschen huet.

Iwwert dee Wee bréngen d'Auteuren och aktuell Sujeten an hir Geschicht mat eran, wéi Migratioun, Mondialisatioun an Naturschutz. Mat engem zimlech eeschten Hannergrond, an deem et awer och méi witzeg Momenter gëtt.

Mä och wann den Ismaël ee Roboter soll un d'Lafe bréngen, lieft dës Geschicht mat engem ganz liichte Science Fiction Touch awer virun allem duerch d'Relatioun tëscht deene verschiddene Personnagen.

Gangster, Militär, Ëmweltschützer, indesch Schamanen an ee Roboter, tëscht Algerien, Indien a Frankräich halen d'Lieser iwwert 230 Säite bei Laun, mat engem eeschten Hannergrond dee gutt an eng Geschicht agebonnen ass, an där een déi technologesch Detailer ouni ze zécken als realistesch akzeptéiert, och wann et historesch gesinn ni esou war ewéi et hei erzielt gëtt. Um Enn vum Album gëtt et och nach e puer Säiten, déi d'Geschicht an hiren historesche Kontext setzen a weist, wou déi historesch Realitéit ophält an d'Uchronie ufänkt.