A 7 kuerze Geschichten hunn Doktoranden vun der Uni Lëtzebuerg an anere wëssenschaftlechen Instituter zu Lëtzebuerg eng Bande Dessinée realiséiert, déi iwwert hir Aarbecht an d'Wëssenschaft zu Lëtzebuerg informéiert. Vu kënschtlecher Intelligenz iwwert Biomedezin an Informatik bis Kriibsfuerschung si vill Spezialgebidder dobäi, an deenen och zu Lëtzebuerg gefuerscht gëtt.

21/05/2019 BD (dee laange Reportage iwwert "A travers le miroir")

Dës Bande Dessinée ass am Kader vun engem anere Projet vun der Uni Lëtzebuerg entstanen, dem Descom, bei deem Doktoranden op der Uni an der Wëssenschaftskommunikatioun ausgebilt ginn. De Bruno Teheux aus der Unité de Recherche en Mathématique hat dunn am Kader vun deem Projet d'Iddi fir eng Bande Dessinée erauszebréngen.

D'Bande Dessinée als Media huet de Virdeel, datt se duerch hir Manéier fir Geschichten ze erzielen och komplex Sujeten op eng relativ einfach Manéier duerstelle kann. 22 Doktoranden vun der Uni Lëtzebuerg, dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST),  dem Luxembourg Center for Systems Biomedicine (LCSB) an dem Luxembourg Institute of Health (LIH) hunn hiren Alldag a kuerzen, informative Geschichten erzielt, a sinn fir d'Zeechnungen vun enger Paräisser Agence ënnerstëtzt ginn. Et soll och net bei där enger BD bleiwen. Den Ament gëtt no enger Méiglechkeet gesicht fir Käschten ze spueren an enger reng Lëtzebuerger Zesummenaarbecht fir déi nächst Bande Dessinéeën.

Mat dëser Bande Dessinée soll de Stellewäert vun der Wëssenschaft zu Lëtzebuerg gewise ginn. Wien net am  Alldag an deem Beräich schafft stellt iwwert dem Liese séier fest, datt sech do vill gedoen huet. An et ass eng gutt Visittekaart fir d'Aarbecht vun de Wëssenschaftler an deene verschiddenste Beräicher. A kéint villäicht esouguer hëllefen, fir och Budgeten fir déi verschidde Fuerschungsgebidder ze kréien, och wann dat net hire primäre But ass.

Op alle Fall ass Wäert drop geluecht ginn, datt dat, wat an der Bande Dessinée erzielt gëtt och wëssenschaftlech korrekt ass, och wann dat an esou engem kuerze Format zimlech komplizéiert ass, well do muss vereinfacht ginn, an all Form vu Vereinfachung d'Dier opmécht fir kleng Feeler. Trotzdeem sinn d'Geschichten an der Bande Dessinée ganz no um Alldag vun deene jonke Wëssenschaftler an hirer Aarbecht. Et kann een se et kann een se um Site vun der Uni Lëtzebuerg op englesch oder franséisch eroflueden:

.