De William Morgan, een Amerikaner, war ee vun den Helden vun der kubanescher Revolutioun. Mä an där offizieller Geschicht vun där Revolutioun existéiert hien net méi. Grad ewéi eng zweet Arméi, déi nieft dem Fidel Castro an dem Che Guevara dozou bäigedroen huet, datt déi Revolutioun um Enn de Generol Batista stierzen, an an den Exil dreiwe konnt. Déi vergiesse Säit vun der kubanescher Revolutioun gëtt an der Bande Dessinée "El Comandante Yankee" erzielt.

02/07/2019 BD VUN DER WOCH (El Comandante Yankee)