Deen éischte Mënsch um Mound war net den Neil Armstrong viru 50 Joer, mä den Tintin, de 25. Mäerz 1953. An der Bande Dessinée "On a marché sur la lune" hat den Hergé der Realitéit virgegraff, a säi Personnage scho virun den Amerikaner an de Russen op de Mound geschéckt. Den Anniversaire vun der éischter Moundlandung (där richteger) gëtt awer och mat engem anere Bande Dessinées Personnage gefeiert.

16/07/2019 BD (Dee laange Reportage iwwwert "Lune Rouge")

Hei geet et drëm, fir een Artikel iwwert d'Rakéitefuerschung ze schreiwen, an dofir begéint de Lefranc engem Wëssenschaftler, deen him méi Informatiounen iwwert deen aktuelle Stand vun där Fuerschung ka ginn. Mä kuerz no hirem Gespréich gëtt deen entfouert, an de Lefranc geet der Pist no, déi hie bis a Korea féiert.

Den Album huet vun der Atmosphär eppes vum Tintin sengen Aventuren. Dat läit um Zeechestil, well de Lefranc grad ewéi den Tintin am Stil vun der Ligne Claire gezeechent ass. Mä och mat verschiddenen Detailer erënnert en un d'Affaire Tournesol, a virun allem un déi zwee Albummen Objectif Lune an On a marché sur la lune. Dat si gewollt Uspillungen, déi scho mat den Nimm vun zwee Personnagen an der Rakéitebasis ufänken a weider geet wéi de Lefranc mat engem Jeep duerch een Tunnel gefouert gëtt, fir d'Rakéit déi éischte Kéier ze gesinn.

Nieft dem Album mat enger neier Aventure mam Lefranc ass awer och een neien Album aus der Kollektioun "Les Reportages de Lefranc" erauskomm.

© Pierre-Emmanuel Paulis, Régric, Jacques Martin & Casterman

16/07/2019 BD (La conquête de l'espace)