Viru 25 Joer ass deen éischten Episod vun enger Science Fiction Bande Dessinée erauskomm, déi komplett anescht war, ewéi dat wat ee bis dohin an deem Genre gewinnt war. Déi awer séier vill Lieser gewanne konnt, a bis haut a véier verschidden Zyklen déclinéiert ginn ass.

30/07/2019 BD (Dee laange Reportage iwwert Retour sur Aldébaran 2)

No Aldébaran, Betelgeuse, Antarès, a Les Survivants ass d'lescht Joer een neien Zyklus ugaangen, dee Retour sur Aldébaran heescht, an an deem den Haaptpersonnage, d'Kim Keller, nees zeréck op dee Planéit kënnt, op deem alles ugefaangen huet.

Op all de Planéiten déi de Leo a senge Bande Dessinéeë gezeechent huet, dominéiert ëmmer eng imposant Natur. Domat brécht hien mat deem, wat normalerweis an der Science Fiction de Credo ass. An och op deene Planéiten déi de Leo an d'Zeen setzt gëtt et intelligent Liewen, mat deem d'Mënsche konfrontéiert ginn. D'Gefor geet awer net vun deenen Ausserierdeschen aus, mä dacks vum Klerus oder vum Militär. Dat huet zum Deel mam Leo senge perséinlechen Erfarungen ze dinn, wéi hie seng Heemecht Brasilien wéinst der Militärdiktatur verlooss huet.

Seng Mondes d'Aldébaran sinn ee gutt Spigelbild vun der Gesellschaft, an deem villes, wat den Auteur gepräägt huet, an nach ëmmer präägt, mat afléisst. An trotzdeem ass et eng Science Fiction Bande Dessinée, an där eng grandios Natur, an dee positive Gedanken datt d'Mënschen, wann se nëmme wëllen, eppes Guddes op d'Bee stelle kënnen, dominéieren.

Mat Retour sur Aldébaran brécht de Leo awer mat der Traditioun, d'Geschicht vum respektiven Zyklus iwwert 5 Episoden ze erzielen. Antarès hat scho 6 Episoden, Retour sur Aldébarn huet der awer "nëmmen" 3. Am drëtten a leschten Episod kréien déi Froen déi elo nach opstinn eng Äntwert. Virun allem, wien déi Mënsche sinn, déi schonn op deem frieme Planéit sinn, op deen d'Kim an hir Frënn duerch déi Quanten-Dier reesen, a wéi si dohi komm sinn. Rendez-vous fir d'Konklusioun vun där Geschicht ass an engem Joer.