De Lycée Michel Rodange feiert dëst Joer säi 50. Gebuertsdag. An deem Kontext ass just virun der grousser Vakanz eng Bande Dessinée erauskomm, déi am Rodange spillt, an déi vun engem fréiere Schüler aus deem Gebai realiséiert ginn ass.

10/09/2019 BD (Dee laange Reportage iwwert D’Geheimnis vum verschwonnene Sall)

Den Antoine Grimée schafft elo ënnert sengem Kënschtlernumm Tunn. Hien zeechent scho vu klengem un, an huet och schonn an der Schülerzeitung, dem Fiederfuuss, eng Bande Dessinée erausbruecht. Doduerch ass hien enger fréierer Konschtproff an aktueller Sous-Directrice an Erënnerung bliwwen, déi hien du kontaktéiert huet, wéi et drëm gaangen ass fir nieft deene méi traditionelle Feierlechkeeten fir deen Anniversaire op méi eng originell Approche un dee Sujet erun ze goen. D’Geheimnis vum verschwonnene Sall liest sech wéi wann den Da Vinci Code net am Louvre, mä am Lycée Michel Rodange spille géif. A wärend deem kritt een niewelaanscht vill Anekdoten an historesch Faiten aus där Schoul erzielt.

Et huet dem Tunn och gehollef, datt hie selwer Schüler am Rodange war, och wann hien d'Schoul an der Preparatioun fir seng Zeechnunge vun enger anerer Säit kennegeléiert huet. Well d‘Schoul grad renovéiert gëtt, war hien an engem eidele Gebai ënnerwee, fir Fotoen ze maachen, déi him herno beim Zeechnen hëllefe sollten.

D'Geschicht an dëser Bande Dessinée ass awer Zäitlos, och wann se am Kontext vum 50. Anniversaire vum Lycée Michel Rodange erauskomm ass. A se a sprécht och déi Lieser un, déi net an de Rodange gaange sinn. Well engem Direkter oder enger Directrice, Portieren a Proffen ass jiddwereen a senger Schoulcarrière begéint, egal a wéi engem Gebai.

Ganz witzeg sinn och déi kleng Detailer, déi net direkt eppes mat der Geschicht ze dinn hunn, mä déi och déi kleng Anekdoten aus dem Schoulalldag erëm spigelen.

Den Ament gëtt et dës nei Lëtzebuerger Bande Dessinée just am Sekretariat vum Lycée Michel Rodange ze kafen, oder do, wou den Tunn se dedicacéiert. D’Geheimnis vum verschwonnene Sall kascht 15 Euro, a soll deemnächst och online verkaf ginn.

D'Presentatioun vun der BD um Site vum Lycée Michel Rodange:

Dem Tunn säi Site: