D'Bande Dessinée vun dëser Woch ass zwar eng Fiktioun, mä an der Geschicht "Le travail m'a tué" geet et leider ëm een eeschte Sujet: De Burn Out.

24/09/2019 BD VUN DER WOCH (Le travail m'a tué)

D'Bande Dessinée baut op eng Recherche op, déi d'Zeenaristen Arnaud Delalande an Hubert Prolongeau gemaach hunn, net nëmme bei groussen Entreprisen, mä och bei méi klengen.

Do ronderëm erzielen d'Auteuren d'Geschicht vun engem fiktive Personnage, dem Carlos, deem säin Dram et vu klengem u war, fir Autoen ze zeechnen. Als Erwuessenen kritt hie säin Dramjob, als Designer bei enger grousser Autosmark. Hie keeft esouguer een Haus direkt nieft der Fabrick, a lieft glécklech an zefridden.

Bis enges Dages, d'Fabrick op eng aner Plaz plënnert, an hien all Dag 3 Stonnen Trajet huet, an an engem "Open Space" sëtzt, an deem hie sech wéinst dem Kaméidi net méi konzentréiere kann. Lues a lues gëtt seng Laun ëmmer méi schlecht, mat senger Gesondheet geet et och biergof, bis hie keen Auswee méi gesäit.

Net nëmme seng Onzefriddenheet ass doru schold, mä och den Drock deem hien ausgesat ass. Mat Cheffen, déi vun him verlaangen, datt hie ronderëm d'Auer disponibel ass, a fir Produktivitéit, Kompetitivitéit a Rentabilitéit alles aus him eraus pressen. Et geet an dësem Buch awer net drëm, d'Cheffen kollektiv als schlecht duer ze stellen, déi hir Employéeë just ausnotzen.

 
Dem Carlos seng Fra mécht um Ufank nach de Geck mat senger Begeeschterung fir seng Aarbecht, warnt hien dann awer fir méi lues ze maachen; kann him um Enn awer och net weider hëllefen. A wann déi ganz Affär da viru Geriicht kënnt, stellt sech séier eraus, datt et keng Persoun gëtt, déi schëlleg ass, mä ee ganze System, an datt ee Geriicht do iwwerfuerdert ass, fir ee System bei deem eppes aus dem Rudder leeft ze bestrofen. Virun allem, wou et net hätt missten esou wäit kommen, well net jiddwereen esou extrem reagéiert ewéi de Carlos.

"Le travail m'a tué" ass eng ganz engagéiert Bande Dessinée iwwert een eeschte Sujet, dee vum Grérory Mardon am Schwaarz-wäiss, respektiv an deene méi brutalen Zeenen am Rout-wäiss, gezeechent ass, fir esou nach besser ënnersträichen ze kënnen, wou d'Kromm an der Heck läit. D'Buch huet 120 Säiten an ass bei den Editions Futuropolis erauskomm.