De Mexikaner Alfonso Diaz V. reest fir säi Liewe gär an hält déi Souveniren als Traveltoons fest. Am Abrëll war hien zu Lëtzebuerg, an huet doraus ee Comic vun 8 Säite realiséiert.

01/10/2019 BD (Dee laange Reportage iwwert "Traveltoons")

 

D'Passioun fir déi zwee Hobbyen mateneen ze verbannen begleet den Alfonso scho laang. Seng Fra huet hien dovun iwwerzeegt fir déi kuerz Geschichten op engem Blog an op Instagram erauszebréngen. Zanter 3 Joer mécht hien dat elo, an de Projet huet sech zanterhier konstant weider entwéckelt. Wärend et um Ufank nach méi Texter mat Illustratioune waren, si lues a lues méi Comics draus ginn.

Op Lëtzebuerg ass hien am Abrëll komm. Hie war vun der Aarbecht aus a Frankräich an an Holland, an do huet et sech ugebueden, Fräizäit zu Lëtzebuerg ze verbréngen. Op deenen 8 Säite vu sengem Comic iwwert déi Rees erzielt hien d'Seeche vum Melusina, a wéi hie sech mat senger Famill bal an de Kasematte verlaf huet. An der Geschicht gëtt d'Luxembourg Card dacks ernimmt. Dat huet ee gudde Grond: Den Alfonso huet sech am Virfeld vu senger Rees informéiert, an déi offiziell Tourismusbüroe kontaktéiert. Hie fënnt, datt Lëtzebuerg mat där Kaart eng attraktiv Offer fir Touristen proposéiert.

Traveltoons ass net just ee flotte Projet fir den Auteur selwer. Fir Touristendestinatiounen ass et och eng Iddi, fir mam Auteur zesummen ze schaffen, well si esou eng Visittekaart kréien, déi eenzegaarteg ass.

Wien den Auteur ënnerstëtze wëll, hien huet op sengem Site och e puer Méiglechkeeten mat deenen een hien och finanziell Ënnerstëtze kann. Jee no Montant deen een do wëll ausginn, kritt een dann och ee perséinleche Souvenir am Kontext vun den Traveltoons.