Den Nicolas de Crécy ass een Auteur, deen a senge Bande Dessinéeën ëmmer nees probéiert nei Weeër ze goen, an nei Geschichten ze erzielen. Eng autobiographesch Geschicht huet hien nach net erzielt. Bis elo!

08/10/2019 BD vun der Woch: Visa Transit

Dobäi ass dee Genre schonn nees amgaangen aus der Moud ze kommen, an hien huet sech laang net wuel gefillt mat där Iddi, och wann hie scho méi laang ee Souvenir hat, deen hie bal 30 Joer mat sech ronderëm gedroen huet: D'Geschicht, wéi hie mat 20 Joer mat sengem Cousin an enger aler Citroën Visa aus Frankräich bis an d'Tierkei gefuer ass. Dee war u sech futti a sollt verschrott ginn. Si hunn awer dunn decidéiert en ze flécken a bis an d'Tierkei ze reesen. Dat war 1986, an enger Zäit wéi d'Welt nach an Ost a West gedeelt war, an oppe Grenzen an Europa nach keen Thema waren. Fir iwwerhaapt bis an d'Tierkei ze kommen hunn déi zwee a verschiddene Länner een Transit Visa missten hunn, dohier och den Numm vun der Bande Dessinée.

Beim Nicolas de Crécy senge BDën gëtt et och ëmmer méi ee fantastescht Element. Dat fënnt een och hei, wéi säi Personnage op der Rees wéinst der Hëtzt an eventuell dem Afloss vun anere Substanzen op eemol Visiounen huet, an engem Auteur begéint, deem säi Buch hien op der Rees liest.

Virun allem stellt ee sech iwwert dem Liesen awer eng Fro: Kommen déi zwee mat deem alen, rafistoléierten Auto iwwerhaapt bis un d'Zil?

Dee renge Stréch vu sengen Zeechnungen, mat deenen hie wonnerschéi Landschaften zeechent, an den Toun an deem d'Geschicht erzielt gëtt, mécht aus "Visa Transit" eng Bande Dessinée voller Nostalgie un eng Zäit wéi een nach ganz onbefaangen ouni Handy, Email a Facebook konnt reesen, an d'Andréck vun där Rees nohalteg op dee gewierkt hunn.