Virun 10 Joer huet den Emile Bravo seng Versioun vum Spirou proposéiert. Eng Bande Dessinée, an där hien erzielt huet, wéi de Spirou als Bouf zu Bréissel opgewuess ass, just éier den zweete Weltkrich ausgebrach ass. Mat "L'espoir malgré tout" huet hien eng Suite vu senger Geschicht erausbruecht, déi wärend dem Krich spillt.

15/10/2019 BD (Dee laange Reportage iwwert L'espoir malgré tout T.2)

Duerch seng Approche huet hien deem fiktive Personnage eng reell Dimensioun ginn, déi de Personnage nach méi mënschlech mécht, a virun allem déi Valeuren, fir déi de Spirou steet, ënnersträicht. Fir den Emile Bravo war dat awer och eng gutt Geleeënheet, fir ee Sujet deen him wichteg ass, kënnen ze verschaffen.

Et ass eng däischter a brutal Geschicht déi den Emile Bravo erzielt. Mam Spirou, deen zum Spillball vun der geopolitescher Lag an Europa am Joer 1940 gëtt, ouni datt hie richteg versteet, wat ronderëm hien alles geschitt. Verschidde Reaktiounen a Remarken wierken naiv, ënnersträichen awer och, datt hien eben nach ee Kand ass, dat vun den Evenementer iwwerfuerdert ass.

Ouni et ze wëllen, an ouni et richteg ze realiséieren, gëtt de Spirou an dësem Album ee Member vun der belscher Resistenz. Säi Kolleg Fantasio ass och dobäi, dee versteet och genee wat um Spill steet, seet dem Spirou awer näischt, fir hien ze beschützen.

Mam Fantasio zesummen zitt hien duerch d'Wallonie, wou hien an de Schoulen mat engem Marionettentheater optrëtt. Dee Marionettentheater ass awer just ee Virwand, fir laanscht d'Kontrolle vun den Nazien Informatiounen ënnert der Resistenz aus ze tauschen. Mä grad do weist de Spirou Engagement, wiert sech géint d'Situatioun a sengem Land, a setzt sech fir eppes an, wat och am Interessi vun der Resistenz ass.

Dem Spirou seng Naivitéit, säin Asaz ouni sech de Gefore bewosst ze sinn, an och seng Interaktivitéit mam Fantasio, bréngen och vill witzeg a liicht Situatiounen an d'Geschicht. Et ass schonn eng Konscht, fir esou seriö a mat Fong eng Geschicht iwwert den zweete Weltkrich ze realiséieren, anengems awer eng Liichtegkeet mat eran ze bréngen, déi hëlleft, dee Fong och ze vermëttelen. Den Emile Bravo bréngt dat mat sengem Spirou fäerdeg, deen ee roueg als Material an engem Geschichts- oder VieSoscours kéint benotzen.

Um Enn vum Album wëll de Spirou d'Situatioun net méi nëmmen iwwert sech ergoe loossen, hie wëll och selwer aktiv ginn, a lant an engem Zuch Richtung Däitschland/Polen, fir deene Leit ze hëllefen, déi dohin hu misste goen. Mat deem wat mir iwwert den zweete Weltkrich wëssen, kann dat engem Angscht fir d'Suite vun der Geschicht maachen.