Muer kënnt net nëmmen deen neien Astérix eraus, mä dëst Joer feiert dee klenge Gallier och nach seng 60 Joer. Säin éischten Optrëtt hat hien den 29. Oktober 1959 an der Zäitschrëft Pilote.

23/04/2019 60 Joer Asterix

An dee schéinste Grouss fir dee ronne Gebuertsdag kënnt vum Albert Uderzo, deen den Asterix, den Obelix an all déi aner Figuren zesumme mam René Goscinny erfonnt huet. Hie wënscht de Galllier nach ee laangt Liewen.

Eigentlech wollt hien den Astérix als groussen, staarken Held zeechnen, mä säin Zeenarist war do dogéint. Fir de René Goscinny sollt den Astérix eng Zort Antiheld sinn, grad de Contraire vun deem, wat d'Leit sech deemools ënnert engem Gallier virgestallt hunn. Well den Uderzo awer ee Klatzkapp ass, huet hien dunn eben den Obelix als groussen, staarken, Personnage gezeechent.

Datt déi Figure sech esou laang gehalen hunn, an nach ëmmer populär sinn, erkläert d'Anne Goscinny, d'Duechter vum 1978 verstuerwenen Zeenarist doduerch, datt Figuren, déi d'Mënschen dozou bréngen fir ze laachen, einfach net al ginn, grad ewéi den Charlie Chaplin oder den Décken an den Dënnen een och haut nach ëmmer kënne laachen doen.

Allerdéngs gëtt et keng Formel, mat där de Succès vun dëser Bande Dessinée sech einfach esou widderhuele léisst. D'Serie huet den Doud vun hirem Zeenarist virun 41 Joer iwwerlieft. Den Albert Uderzo huet d'éischt eleng weider gemaach, elo sinn et de Jean-Yves Ferri, als Zeenarist, an den Didier Conrad, als Zeechner, déi scho 4 Asterix Albumen Opweises hunn. Bei engem neien Album mussen d'Auteuren virun allem drop oppassen, datt si ee Sujet fannen, deen et bis dohin nach net gouf.

Zu Lëtzebuerg ass den Astérix och immens populär. Hei gëtt e virun allem op franséisch, an der Originalversioun gelies, dacks och nach an der däitscher Iwwersetzung. Virun 30 Joer sinn et och 10 Albumen op Lëtzebuergesch ginn. Déi huet de Lex Roth iwwersat, deen am Gespréich mam Albert Uderzo och gewuer ginn ass, datt weder de René Goscinny, nach den Albert Uderzo Latäin konnten, mä hir Zitatiounen am Asterix an de rosa Säiten am Petit Larousse fonnt hunn.

Asterix® – Obelix® – Idefix ® / © 2019 Les Éditions Albert René / Goscinny – Uderzo

Gewannt den Hommage Album fir dem Astérix seng 60 Joer

Fir de 60. Gebuertsdag vum Astérix gëtt et een Hommage Album, an deem aner Bande Dessinées Auteuren eng Geschicht an hirem Stil iwwert den Astérix realiséiert hunn. An deen Album kënnt Dir elo gewannen, mat engem SMS op de 62468 (fir 50 Cent de Message), just mam Stéchwuert "Astérix". Ënnert all den SMSe ginn zwee Hommage Albumen (op däitsch) ausgeloust.