Zanter haut de Moien gëtt et deen neien Astérix, "La fille de Vercingétorix" ze kafen. Et ass, wéi all Kéiers, een Evenement, bei deem een am Virfeld net vill iwwert dat gewuer gëtt, wat an deem Album geschitt. Elo gitt Dir et awer gewuer: Et ass deen 38. Album aus der Serie, an dee 4. vum Jean-Yves Ferri a vum Didier Conrad.

24/10/2019 BD (Dee laange Reportage iwwert Asterix 38)

Den Haaptpersonnage, nieft de scho bekannte Gallier, ass d'Adrenaline, d'Duechter vum Gallierkinnek Vercingétorix, mat deem d'Aventure vum Astérix viru 60 Joer ugefaangen hunn. De Vercingétorix selwer konnte si net méi an d'Zeen setzen, well de Goscinny dee vun Ufank un aus der Serie erausgeschriwwen huet.

Dofir kënnt seng Duechter an d'Spill, déi als Symbol vun der Resistenz de Gallier am Kampf géint de Réimesche Besatzer hëllefe soll. Mä als Teenager huet dat jonkt Meedchen aner Interessien a Prioritéiten.De Generatiounskonflikt steet an dësem neien Album am Mëttelpunkt, mat witzege Momenter, wann den Obélix vum Astérix als dee jugendlechsten ënnert hinne beschriwwe gëtt, an hien da feststellt, datt déi aner Jonk hien net als ee vun hinne gesinn.

Asterix® – Obelix® – Idefix ® / © 2019 Les Éditions Albert René / Goscinny – Uderzo

Sujeten déi och haut nach ëmmer aktuell sinn, fënnt een och an dësem Album. De Wonsch no Fridden, mat engem Personnage dee Letitbix heescht, a fir deen an zwou Casen dem John Lennon säin Imagine zitéiert gëtt. Mä och d'Kritik um Kapitalismus, a virun allem den Ëmweltschutz si Sujeten, déi hei och ugeschnidde ginn.

An iergendwéi gläicht d'Adrenaline engem aneren Teenager mat Trëtzen, dat guer net akzeptéiert wat déi Erwuesse maachen. De Verglach mam Greta Thunberg ass awer puren Zoufall, well den Album scho fäerdeg war, wéi d'Greta Thunberg seng Ried virun de Vereenten Natioune gehalen huet.

Et gi vill witzeg Detailer am Album, dozou gehéiert och ee Charles Aznavour bei de Piraten, oder deen däitschen Numm vum Béisen am Album, deen de Klaus Jöken Miesetrix gedeeft huet. Am grousse Ganzen huet een awer den Androck, datt d'Geschicht net dat ganzt Potential wat an hir stécht ausgeschluecht huet. Et ass alles dran, wat an een Asterix gehéiert. Witz, Wuertspiller, d'Réimer déi der an d'Schnëss kréien, d'Piraten deenen hiert Schëff ënnergeet (och wa si dës Kéier mol eng Kéier mat de Gallier zesumme schaffen), Uspillungen un aktuell Sujeten an den Hannergrond vum zweete Weltkrich, mat der Resistenz géint de Besatzer, wat vun Ufank un de roude Fuedem an der Serie war, an um Enn dat festlecht Iessen am Duerf.

D'Teenager déi elo op eemol am Duerf opdauchen, dorënner och dem Schmadd an dem Fëschhändler seng Bouwen, hu Potential dat an dësem Album net genuch genotzt gëtt, mä villäicht eng Dir opmécht, fir de Generatiounskonflikt an Zukunft méi dacks an ze bauen an doduerch ee frësche Wand an d'Serie ze bréngen.

Dir kënnt deen neien Astérix gewannen:

Schéckt een SMS op de 62468 (fir 50 Cent de Message) mam Stéckwuert "Astérix" an der richteger Äntwert op d'Fro: Wéi heescht deen neien Haaptpersonnage an dësem Album? Ënnert deene richtegen Äntwerten gëtt zwee mol deen neien Album (op däitsch) verloust.