Agatha Christie, Gilbert Keith Chesterton, Dorothy Sayers an John Dickson Carr, dat sinn net nëmme bekannt Krimi Auteuren, mä och d'Memberen vum Detection Club. Ee Club an deem si sech reegelméisseg getraff hunn fir hir Uspréch un de Kriminalroman ze diskutéieren. Si sinn och d'Haaptpersonnagen an der Bande Dessinée "Detection Club"

05/11/2019 BD (Dee laange Reportage iwwert Le Detection Club)

De Jean Harambat huet an där Bande Dessinée awer net d'Biographie vun den Auteuren an den Detection Club selwer an d'Zeen gesat, mä eng Geschicht am Stil vun deene bekannte Personnagen.

D'Auteure kommen op eng englesch Insel, wou ee Milliardär hinnen eng nei Erfindung virstelle wëll: Ee Roboter, deen de Schëllegen aus engem Krimi verréit, wann een him de Resumé vun der Geschicht erzielt huet. De Milliardär gëtt ëmbruecht, an déi prominent Krimiauteuren probéieren de Fall op där kleng er Insel, déi ee Huis-Clos ass, ze léisen.

Mat vill Witz spillt de Jean Harambat mat de Code vun de Krimien. Coden, mat deenen och d'Auteure selwer sech ëmmer nees ameséiert hunn, ënnert anerem, wéi si déi 10 Geboter vum Kriminalroman opgestallt hunn.  Et ginn eng sëllechen Anekdoten déi an der Geschicht erzielt ginn, déi authentesch sinn, zum Beispill d'Origine vum Sherlock Holmes sengem Numm.Et ginn awer och Detailer, déi fräi erfonnt sinn, bei deenen ee sech awer d'Fro stellt, ob se net awer villäicht wouer sinn. An ëmmer probéiert de Jean Harambat esou no ewéi méiglech un de Genre vun den Originalauteuren erun ze kommen.

Virun allem spillt hien och mat de Méiglechkeeten déi d'Bande Dessinée bitt, fir d'Welt vun de Romaner duer ze stellen. Tëscht eenzele Casen fënnt een esou och heiansdo een Text, deen och am Stil vun deenen ale Krimiauteure geschriwwen ass, bei deenen een Erzieler duerch d'Geschicht féiert.

Nieft deem eigentleche Sujet vum Album huet de Jean Harambat awer nach eng aner Dimensioun mat a seng Geschicht bruecht. Hie stellt mam Roboter deen de Schëllegen esou séier fënnt an de Reaktiounen vun den Auteuren dorop, a mat aneren techneschen Inventiounen vum Milliardär, Sujeten ewéi kënschtlech Intelligenz oder Transhumanismus op d'Prouf.

"Le Detection Club" ass deen zweeten Deel vun enger englescher Trilogie vum Jean Harambat, bei där awer all Kapitel fir sech ka gelies ginn.